No den IwwerschwemmungenD'Campingsliewe muss zréck op Bur

Christophe Hochard
No de staarken Iwwerschwemmungen d'lescht Joer ass vum Camping "Um Salzwaasser" net méi vill iwwereg. Dat wëll d'Gemeng Rouspert/Mompech awer gären änneren
D'Campingsliewe muss zréck op Bur
No de staarken Iwwerschwemmungen d’lescht Joer ass vum Camping “Um Salzwaasser” net méi vill iwwereg. Dat wëll d’Gemeng Rouspert/Mompech awer gären änneren

Eng idyllesch Landschaft zu Bur laanscht d’Sauer: D’Päerd an der Wiss wonnere sech vläicht iwwert de Besuch an d’Intefamill dréit en Tour iwwer d’Waasser. Op den éischte Bléck deit näischt drop hin, dass hei mol e Camping war.

Ma wann ee méi genee kuckt, falen engem awer Indicen op, déi eng kloer Sprooch schwätzen. Nach bis de leschte Juli gouf et zu Bur de Camping “Um Salzwaasser”. Vum 14. op de 15. Juli 2021 koum d’Héichwaasser, a bannent kierzter Zäit stoung déi ganz Campingsplaz ënner Waasser. Dës Naturkatastroph huet den Ufank vum Enn agelaut - dobäi haten déi Responsabel Pläng fir an de Camping z’investéieren.

80 Dauercamper, déi un der Sauer doheem waren, a 17 Mataarbechter, déi um Camping geschafft hunn, hu vun elo op direkt alles verluer an de Schock sëtzt déif. De Camping Bur huet eng laang Traditioun, dowéinst wéilten d’Gemengeresponsabel gären nees e Camping hei bedreiwen. Aus deem Grond gëtt aktuell no engem Finanzinvestisseur gesicht.

D’Gemeng an de Syndicat d’Initiative Rouspert/Mompech si sech eens, datt zu Bur d’Campingsliewen zréck muss. Fréistens 2024 wär dëst méiglech.

Back to Top
CIM LOGO