Wéinst Bëschbrand-GeforVéier Gemengen aus der Stauséi-Regioun decidéieren temporäre Grillverbuet

Marlène Clement
Wou dierf een um Stauséi grillen a wou net? Dat war déi lescht Deeg net fir jiddereen esou ganz kloer.
© Marlène Clement

Wärend et um Territoire vun der Gemeng Esch-Sauer zanter enger Woch wéinst der grousser Bëschbrand-Gefor verbueden ass, op de Plagen ronderëm de Stauséi ze grillen oder Feier ze maachen, haten d'Gemeng Bauschelt an d’Stauséi-Gemeng et bis elo bei engem Appell un d'Bierger gelooss, fir opzepassen a responsabel ze sinn. Elo gëllen awer eenheetlech Reegelen fir déi ganz Regioun.

Esch-Sauer, Bauschelt, d’Stauséi-Gemeng a Rammerech hu sech um Donneschden Owend concertéiert an iwwer ee Règlement d'urgence een temporäre Verbuet fir ze grillen oder Feier ze maachen decidéiert.

Firwat net direkt eenheetlech Reegelen?

D'Problematik wier de Gemenge vun Ufank u bewosst gewiescht. Et misst een awer och, wann een e Reglement hëlt, kucken, wéi et kann ëmgesat ginn, erkläert de Buergermeeschter vun der Gemeng Bauschelt, Jeff Gangler. Ganz einfach ze koordinéieren wier dat nämlech net, fënnt och de Gemengepapp vun der Stauséigemeng, Marco Koeune. Dofir hätt een och d’Stauséi-Kommissioun zesumme geruff mat der Police, dem CGDIS a Ponts et Chaussées.

Eenheetlech Reegelen a méi Kontrollen

Et ginn och elo geziilt méi Kontrollen ronderëm de Séi gemaach, präziséieren déi concernéiert Gemengen. An der Gemeng Esch-Sauer gëllt de Verbuet fir ze grillen, respektiv Feier ze maachen schonn zanter enger gudder Woch. Bis elo géingen d'Leit sech drun halen, constatéiert d’Buergermeeschtesch, Mireille Welter. D'Leit wiere sech der Problematik bewosstoch wéinst de Biller, déi een aktuell a Frankräich a Spuenie gesäit vun de Bränn a si géinge sech drun halen.

Esou laang keng gréisser Quantitéiten u Reen a Siicht sinn an d'Temperature weider héich sinn, bleift emol bei deem Verbuet. Wie sech dorunner hält, riskéiert ee Protokoll. Déi véier Gemenge plaidéieren iwwerdeems fir een Avertissement Taxé fir d'Leit, déi sech net un d’Reegelen halen, nach direkt sur place kënnen ze sanktionéieren.

D'Gemengen aus der Stauséi-Regioun maachen och nach eng Kéier den Appell un d'Visiteuren, d'Opfangparkplazen ze notzen a sech un d'Reegelen ze halen, wou ee parken dierf a wou net.

Back to Top
CIM LOGO