Spuenien schwätzt vun enger "Attack"Antëscht si Schätzungen no 60.000 Migranten op der Exklav Ceuta ukomm

RTL Lëtzebuerg
Dausende Mënsche sinn an de leschten Deeg an der spuenescher Exklav Ceuta ukomm. D'Autoritéite si besuergt an d'Opnamezentre sinn iwwerfëllt.
This video frame grab obtained from an AFP video shows migrants reaching the shore of Spanish north African exclave of Ceuta, after swimming around the border fence between Morocco and Spain, in Ceuta on July 30, 2026.
© AFP

D'Stad Ceuta ass un der nordafrikanescher Küst vu Marokko, mä gehéiert zu Spuenien, ass also en Deel vun der EU, gehéiert awer net zu der NATO an ass och net am Schengenraum dran. Eleng en Donneschdeg sollen den éischte Schätzunge vum Freideg de Moien no tëscht 2.000 an 3.000 Mënschen un der Plage ukomm sinn, andeem si laanscht de Grenzzonk geschwomme sinn. Dono sinn dës Zuelen awer däitlech an d'Luucht geschoss.

Situatioun op Ceuta (Stand 31.7. 17h00) / Reportage Claudia Kollwelter

Am Laf vum Freideg gouf vum spueneschen Inneminister och d'Zuel vun 49.000 Flüchtlinge genannt, déi an de leschte 24 Stonne Ceuta sollen iwwer verschidde Weeër erreecht hunn. Dem Fernando Grande-Marlaska Gómez no wier dëst aktuell eng Aschätzung, déi hien a säi Ministère gemaach hunn. Déi lokal Police huet am Laf vum Freideg de Moie vu ronn 40.000 Leit geschwat, an der Mëttesstonn gouf d'Zuel vun de lokalen Autoritéiten op 60.000 eropgesat. Spunien schwätzt an dësem Fall vun enger reegelrechter "Attack".Och d'Zuel vun en Doudege gouf no uewen op 34 corrigéiert.

Schätzungen no si bis zu 49.000 Migranten antëscht op der spuenescher Exklav Ceu
Dausende Mënsche sinn an de leschten Deeg an der spuenescher Exklav Ceuta ukomm. D'Autoritéite si besuergt an d'Opnamezentre sinn iwwerfëllt.

"D'Schätzunge weisen, datt ronn 60.000 Persounen an deem Zäitraum an eis Stad agedronge sinn. Dat mécht 70 Prozent vun der Populatioun vu Ceuta aus. Fir Iech e Verglach ze ginn, [...] wier dat, wéi wann a 24 Stonnen 34 Millioune Leit op dat spuenescht Festland komm wieren. Dës Zuele weisen, datt et onméiglech ass, dësen Drock opzefänken", esou de President vun der lokaler Regierung Juan Vivas wärend enger Pressekonferenz.

Vill Leit wieren iwwer d'Mier op Ceuta komm, verschiddener hätten awer och de Zonk un der Grenz iwwerwonnen.

D'Police ass iwwerfuerdert mat der Situatioun an déi spuenesch Regierung huet elo d'Militär dohinner geschéckt. D'Situatioun an der Stad mat hire knapp 85.000 Awunner bleift ugespaant. Vill Geschäfter sinn zou.

De spuenesche Regierungschef Pedro Sanchez huet och annoncéiert, datt hie wëll an déi betraffe Regioun reesen.

Den Hannergrond vun deem enormen Zoulaf vu Migranten ass warscheinlech en Urteel vum Ieweschte Geriichtshaff a Spuenien ugangs des Mounts. Deemno dierfe Migranten, déi iwwer d'Mier zu Ceuta oder an der anerer spuenescher Nordafrika-Enklav Melilla ofgefaange ginn, net direkt nees heemgeschéckt ginn.

Migrantesituatioun op Ceuta: EU-Spëtzepolitiker fuerderen drastesch Mesuren oder bidden Hëllef un

Italien hat schonn en Donneschdeg, wou nach vun "honnerte Migranten" riets war, déi op Ceuta agedronge waren, ëffentlech virgeschloen, fir Spuenien aus dem Schengenraum auszeschléissen. Italien léisst dës Méiglechkeet aktuell préiwen. D'Premierministesch Meloni huet d'Biller vu Ceuta als "schockéierend" bezeechent an annoncéiert, datt Italien net einfach géif nokucken. Dës Biller géife weisen, "wéi falsch d'Decisioun vun der Regierung zu Madrid wier, iwwer 500.000 irregulär Awanderer déi spuenesch an domadder déi europäesch Staatsbiergerschaft ze ginn", esou den italieeneschen Ausseminister Tajani.

De spueneschen Ausseminister Albares huet d'Wierder vum Tajani kritiséiert. Madrid géif sech vu Roum "europäesch Solidaritéit" erwaarden "an net parteipolitesch Demagogie" géintiwwer engem "befrënnte Partnerland". E Freideg de Moien huet Finnland sech dem Virschlag vun Italien, fir mam Bléck op Spuenien de Schengenraum auszesetzen, ugeschloss. Aktuell ginn et 29 europäesch Staaten, déi am Schengenraum sinn.

Frankräich huet och schonn op d'Situatioun reagéiert an annoncéiert, datt een d'Grenzkontrolle mat Spuenien géif verstäerken. De franséischen Ausseminister Laurent Nunez huet géintiwwer RTL Frankräich gesot, datt hie sech mat sengem Homolog nach e Freideg géif gesinn, fir iwwer d'Situatioun ze schwätzen.

Vun der EU-Kommissiounspresidentin heescht et, datt d'Situatioun, wéi se aktuell op Ceuta virzefannen ass, "inakzeptabel" ass. "Mir kënnen net jidderengem erlaaben, an d'Europäesch Unioun ze kommen, ouni sech un eis Reegelen ze halen", sot d'Ursula von der Leyen. Déi geféierlech Grenzpassage missten "direkt ophalen". D'Réckféierung vun de Migrante misst "séier ofgeschloss ginn" an zwar an deem Kader, "wéi eis Reegelen et zouloossen".

Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet Marokko opgeruff, datt d'Land déi "illegal Immigranten direkt zeréckhuele misst". De Merz hat jo scho méi laang annoncéiert, datt hie sech géint illegal Immigratioun géif asetzen. "D'Baussegrenze vun der EU ze schützen ass kruzial fir déi illegal Immigratioun ze bekämpfen", esou de Merz, deen awer gläichzäiteg déi spuenesch Aarbecht, fir d'Grenzen virun illegale Migranten ze schützen, gelueft huet. "Mir stinn zu dësem Sujet a Kontakt mat de spueneschen Autoritéiten. Spuenien wëll - a muss - d'Situatioun op Ceuta esou séier wéi méiglech ënner Kontroll bréngen.

Back to Top
CIM LOGO