FleegeversécherungD'Depensë vun der Fleege-Versécherung sinn 2018 ëm 8,9% an d'Luucht gaangen

RTL Lëtzebuerg
Parallel sinn d'Recetten ëm 7,2% geklommen. Dat geet aus de Jores-Konte vun der CNS ervir, wou de Verwaltungsrot beieneen war, fir dës z'approuvéieren.

Trotz dem Ënnerscheed op Depensen-Säit bleift den Ecart am positive Beräich ëm knapps 40 Milliounen €. Dohier geet dann och d'Reserv vun der Assurance dépendance op 261 Milliounen an d'Luucht.

14.190 Leit profitéieren op den 31. Dezember 2018 vun der Fleege-Versécherung. Dat ass 2,8 % méi wéi nach d'Joer virdrun.

Déi meescht Leit maachen dat via Soins à domicile, mat ëmmerhin 62%. 38% vun de Beneficiaire sinn a Fleege-Heemer.

PDF Schreiwes CNS

Back to Top
CIM LOGO