
Fir zwee wichteg Anniversairen ze feieren, bréngt d'Post eng speziell Rei un Timberen eraus.
De 26. Oktober 1919 duerften d'Frae fir d'éischte Kéier an der Lëtzebuergescher Geschicht wiele goen. D'Aféierung vum allgemenge Walrecht huet awer net just d'Frae betraff, mä och eng grouss Zuel un Awunner, déi bis zu deem Zäitpunkt vum Droit de vote ausgeschloss goufen.
E weideren Anniversaire, deen net a Vergiessenheet geroden dierf, ass d'Liberatioun vu Lëtzebuerg, den 9. September 1944. Viru 75 Joer sinn d'US-amerikanesch Zaldoten zu Péiteng ukomm, nodeems si e puer Deeg virdru Bréissel a Paräis befreit hunn.