Groussbus-WalDe 27. Juni stëmmen d'Awunner iwwer d'Fusioun of

Claude Zeimetz
D'lescht Woch goufen d'Bierger nach emol op den Informatiounsowenter driwwer informéiert, wat d'Fusioun den Awunner an de Gemenge brénge soll.
© MINT

De 27. Juni gëtt et eescht, da stëmmen d’Bierger an d’Biergerinne vun de Gemenge Groussbus a Wal driwwer of, ob se an Zukunft als eng eenzeg Fusiounsgemeng wëlle gemeinsam Weeër goen, ob déi geplangte Gemengenhochzäit effektiv gefeiert ka ginn oder net. Déi éischt fir dëst Joer. Déi éischt zanter der Fusioun tëscht Rouspert a Mompech 2018.

Fusioun Grousbus-Wal / Rep. Claude Zeimetz

Groussbus a Wal sinn zwou kleng Landgemengen am Nordweste vum Land. Zesumme géif “Groussbus-Wal” déi véiertgréisst Gemeng am Réidener Kanton ginn, mat ronn 2.200 Awunner, opgedeelt op 9 Dierfer. Dat ass nach ëmmer net risegrouss, mä et hätt een alt zu zwee wëllen den Ufank maachen, soen d’Gemengeresponsabel. D’Initiativ, fir am Nordwesten zesummenzewuessen, geet schonn op 2018 zréck. No engem éischten Eruntaaschte schwätze sech béid Gemengeréit eestëmmeg fir Fusiounsverhandlungen aus. Den 11. November zejoert ënnerschreiwen déi zwee eng “déclaration d’intention de fusionner”. D’Politik kann also gutt mateneen, ma Enn dës Mounts ass awer elo de Verdikt vun de Bierger gefuerdert. Ouni si geet am Fusiounsprozess näischt an d’Inneministesch Taina Bofferding bleift derbäi, de Wonsch, zesummenzeschaffen, muss ëmmer vun de Gemenge selwer kommen:

“Ech soen dat och ganz bewosst, well et schonn Inneminister gouf, déi wollten d’Landkaart einfach nei zeechnen a selwer decidéieren, wéi eng Gemenge sollte fusionéieren. Ech gesinn dat definitiv anescht. Wéi gesot, et ass ee Prozess, deen eng gewëssen Zäit brauch, mä e muss vun de Leit matgedroe ginn.”

Eng Fusioun soll och net alles iwwer Bord geheien. D’Gemenge verspriechen, datt si hire ländleche Charakter an hir eegen Identitéit behale wëllen, esou de Gemengepapp vu Groussbus, de Paul Engel.

“Eis Schoule bleiwen, wou se sinn. Firwat? Well se gutt funktionéieren. Eis Gemengenateliere bleiwen do, wou se sinn. Firwat? Well se gutt funktionéieren. An eis Veräiner brauchen näischt ze änneren, mä vläicht kënne si vun enger Fusioun profitéieren, well sech aner Méiglechkeeten opdinn.”

Fir den Interieur ginn et awer vill gutt Grënn ze fusionéieren. Zesumme kéint ee méi an Eegeregie maachen, méi Servicer ubidden an de Fonctionnement vun de Gemengeservicer verbesseren. Dat gesäit och d’Buergermeeschtesch vu Wal, d’Christiane Thommes esou.

“Als jonk an nei Buergermeeschteren hu mir séier konnte feststellen, datt de Gemengerot an d’Verwaltung an enger klenger Gemeng déi selwecht Aufgaben hunn wéi an enger grousser Gemeng, mä nach laang net déi selwecht Moyenen. Sief et, well et manner Personal gëtt, sief et, wa Personal krank gëtt oder den Job wiesselt. Vun de Finanze guer net ze schwätzen.”

Wie Fusioun seet, dee seet eben och finanziell Ënnerstëtzung vum Staat. Rezent huet Regierung decidéiert, fir de Fusiounssubsid ëm 10% z’erhéijen, grad fir de méi klenge Gemengen en zousätzlechen Ureiz ze ginn. Pro Awunner sinn et deemno 2.200 Euro amplaz vun den 2.000 Euro vu bis elo. Fir Groussbus-Wal géif dat ronn eng hallef Millioun Euro méi ausmaachen.

“Ouni finanziell Ënnerstëtzung ass et och ganz schwéier, eng Fusioun ze maachen, well et huet jo deen Ament de Virdeel, fir Infrastrukturen opzebauen. Hei sinn déi Gemengen, déi fusionéieren, fräi, fir mat deene Suen ze maachen, wat ze wëllen. D’Sportshal, hunn ech elo mat kritt, ass e grousst Thema am Eck. Ma dat wier zum Beispill eng Pist, déi ee kéint ugoen, fir déi Suen deen Ament z’investéieren.”

Datt d’Nordstad-Gemengen elo awer 5.000 Euro pro Awunner fir hir Gemengenhochzäit gefrot hunn, ass natierlech och net laanscht d’Awunner vu Groussbus a Wal gaangen. Op der Informatiounsversammlung huet d’Taina Bofferding net formell dementéiert, datt déi Suen eng Kéier fléissen. D’LSAP-Ministesch huet just ënnerstrach, datt se déi Fuerderung och an der Stater Beaumontsgaass iwwerdriwwe fannen.

Schreiwes

D’Taina Bofferding ënnerstëtzt d’Gemenge Groussbus a Wal aktiv an hire Fusiounsbestriewungen (04.06.2021)

Communiqué par: ministère de l’Intérieur

Eppes méi wéi 3 Woche virum Referendum vum 27. Juni waren en Dënschden den Owend zu Gréiwels an en Donneschden den Owend zu Groussbus déi zwou lescht grouss Informatiounsversammlungen zur geplangter Fusioun vu Groussbus a Wal.

Souwuel an de Centre Nei Brasilien zu Gréiwels wéi an d’Sportshal zu Groussbus waren interesséiert Biergerinnen a Bierger komm, fir de Buergermeeschtere Christiane Thommes-Bach (Wal) a Paul Engel (Groussbus), dem Syvicol-President Emile Eicher an der Inneministesch Taina Bofferding lescht Froen am Kontext vun där Fusioun ze stellen, v.a. an Zesummenhank mat de Finanzen.

Op béide Plaze gouf virop e ganz perséinleche Film zu der geplangter Fusioun gewisen, an deem Awunnerinnen an Awunner soten, wéi si dozou stinn. “Zesumme si mir staark!” war eng Kärausso vun deem kuerze Film. D’Inneministesch huet ë.a. op d’Virdeeler vu fusionéierte Gemenge verwisen: D’Taina Bofferding gesäit déi absëns a “méi Servicer fir d’Biergerinnen a Bierger”. Déi hunn an 23 Deeg dat lescht Wuert, wa se driwwer entscheeden, ob déi zwou Gemengen zesummen an d’Zukunft ginn oder net.

Back to Top
CIM LOGO