
Dass de Beetebuerger Park elo e risegen Erliefnespark à la Europa Park, Disneyland a Co soll ginn, ass natierlech Quatsch. Mir hoffen, mir hunn elo net ze vill Leit enttäuscht. Anerer sinn dogéint lo villäicht erliichtert, dass grouss Chantieren am Raum Beetebuerg ausbleiwen.
An deem Sënn wëlle mer dem Beetebuerger Park an enger éischter Linn Merci soen, dass déi beim Spaass matgemaach hunn. Mir hu si am Virfeld nämlech iwwert eisen Abrëllsgeck opgekläert a si frou, dass se eis et hoffentlech net all ze béis huelen, dass mer de Park e wéineg benotzt hunn, fir villäicht deen een oder aneren op d’Schëpp ze huelen op dësem 1. Abrëll.
Weder ginn et eisen Informatiounen no Pläng, de Park ze vergréisseren oder ze moderniséieren, nach muss ee fäerten, dass d’Déieren e puer Meter niewent enger Aachterbunn musse liewen an de Kaméidi mussen erdroen. Et bleift alles wéi et ass, d’Gemeng Beetebuerg brauch och keng Angscht ze hunn, dass op eemol, mam Ukomme vun de Massen u Leit, Beetebuerg ze kleng gëtt. De Parc Merveilleux, mir mengen do ass ee sech eens am Land, ass gutt sou wéi en ass a soll eis och sou erhale bleiwen.
Wat allerdéngs net gelunn ass, ass dass de Parc Merveilleux effektiv dëst Joer seng 70 Joer feiert, wat eng beträchtlech Leeschtung ass, fir en Déieren- an Fräizäitpark, dem eenzegen an där Aart zu Lëtzebuerg. Vun de Responsabele krute mer verroden, dass de Park dat d’nächst Joer, also 2027, dat Ganzt och méi grouss wäert annoncéieren a feieren. Et dierf ee gespaant sinn.