
Kuerz virun 18 Auer krute sech tëscht Beetebuerg an Diddeleng en Auto an e Moto ze paken. Hei gouf eng Persoun verwonnt. Kuerz drop huet et zu Haassel an engem Haus an der Rue de Weiler-la-Tour gebrannt. Hei ass kengem eppes geschitt a géint 19.40 Auer war et nach en Accident tëscht 2 Ween am Rond-point Glück. Hei sinn 2 Blesséierter ze bekloen.
Och en Donneschdeg de Moien huet et gerabbelt, wéi de CGDIS weider mellt. Géint 6.45 Auer sinn en Auto an e Moto op der Diddelenger A3 a Richtung Stad net laanschtenee komm. Kuerz virun 8 Auer gouf eng Persoun zu Nidderkuer an der Rue des Ecoles ugestouss a verwonnt. Eppes géint 9 Auer ass en Auto zu Eech an e Potto mat Schëlder gerannt, woubäi 2 Persoune blesséiert goufen. Op der Escher A4 a Richtung Stad krute sech nach en Auto an e Camion ze paken. Hei gouf et ee Blesséierten an zu Reisduerf huet géint 9.20 Auer nach eng Schminni gebrannt, et blouf beim Materialschued.
Weider war et kuerz viru 16 Auer nach eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer am Rond-point Biff zu Käerjeng. Hei goufe dem CGDIS no awer kee verwonnt.