Geet d'Informatiounspolitik duer? Ass Lëtzebuerg an Ären Ae prett? Gi mer richteg mam Thema Coronavirus ëm? Mir hunn en Dënschdeg mam Direkter vun der Santé diskutéiert. Den Dokter Jean-Claude Schmit war live bei eis am Studio a stoung Ried an Äntwert. Et goung absënns ëm konkret Suerge vun de Lëtzebuerger Bierger.
Firwat gëtt de Wunnuert vun den Infizéierten net matgedeelt?
„Déi Leit hunn, wéi jiddereen, e Recht op Privatliewen an et gëtt och eppes wéi de Secret médical. Dat heescht, et kann een net einfach esou Informatiounen divulgéieren. Ech kann awer d'Leit berouegen: mir vun der Direktioun vun der Santé maachen natierlech de ganze Contact tracing. Dat heescht, wann Leit do mussen informéiert ginn, well se a Kontakt mat enger Persoun waren, da gëtt dat vun eis ausgemaach an net verëffentlecht."
Hëlleft e Mondschutz?
„E Mondschutz hëlleft leider net ganz vill. Also Mondschutz hëlleft do, wann eng Persoun krank ass, well eng krank Persoun houscht an néitst an déi produzéiert déi berüümte Gouteletten an déi ginn am Mondschutz opgefaangen a kommen net an d'Ëmwelt. An deem Sënn hëlleft de Mondschutz beim Kranken, en hëlleft leider net beim Gesonden, well e Mondschutz läit ni total étanche, also ganz genau un um Mond."
Wéi stécht een sech un?
"Also t'ass kloer dass een enke Kontakt brauch mat enger Persoun. Mir soe jo ëmmer, wann ee méi wei 2 Meter vun enger Persoun ewech ass, dann huet een de facto kee Risiko méi. Enke Kontakt de façon prolongée, et gëtt och ëmmer gesot op d'mannst 15 Minutten. Dat heescht déi Leit déi e Risiko hunn, sinn déi Leit déi ronderëm déi Persoun sëtzen oder sech ronderëm déi Persoun beweegen a länger mat der Persoun schwätzen."
Ass de Lëtzebuerger Gesondheetssystem gutt genuch opgestallt?
„Ech menge mir sinn trotzdeem hei zu Lëtzebuerg ganz gutt opgestallt. Nach eng Kéier: bei 80 Prozent vun de Leit verleeft déi Infektioun ganz harmlos eigentlech an et gëtt ee jo och net fir all Gripp hospitaliséiert. Hei ass e bëssen dat selwecht. Mir wäerten och net jidderee mussen hospitaliséieren. Mir hunn nëmme Leit, déi Komplikatiounen hunn, déi da mussen hospitaliséiert ginn, an ech mengen, do ass de Gesondheetssystem, mengen ech gutt virbereet."
A wéi gesäit d'Quarantän aus?
„Quarantän heescht doheem bleiwen. 2 Woche strikt doheem bleiwen. Sech och vum Rescht vun der Famill isoléieren, sou gutt wéi méiglech. Dat ass net einfach. Dat gëtt och kontrolléiert. D'Inspection sanitaire ass a Kontakt mat deene Leit all Dag, fir déi iwwer Telefon, respektiv sur place."
Wei ass et mat den Hausdéieren, kënnen déi sech ustiechen? A wat mécht ee mat hinnen, wann een als Besëtzer a Quarantän ass?
"Da musst Dir iergendeen anere fannen, dee mat Ärem Hond virun d'Dier geet. Dat ass ganz kloer. Dat ass déi eng Saach. Déi aner Saach, déi ëmmer erëm diskutéiert gëtt, ob Déieren och kënnen ugestach gi vu Coronaviren, en général a vun dësem en particulier. Also et gëtt ganz wéineg Informatioun, déi dorop hindeit. Et gëtt ee Fall, deen och an de soziale Medie vill Opmierksamkeet krut, vun engem Hond, deen anscheinend soll infizéiert sinn, mä dat schéngt awer net d'Reegel ze sinn. Do kann ech Iech berouegen."
Verschwënnt de Coronavirus am Summer duerch d'Hëtzt?
„Jo, dat ass effektiv eng Hypothees, wou mer awer keng Sécherheet hunn am Moment. Also wann et elo besser gëtt mam Wieder, da sinn d'Leit net méi esou enk zesummen a Raim, si ginn éischter eraus. Dat heescht, de Kontakt tëscht de Leit ass bësse manner enk. Wat sécher favorabel wäert ginn: Vire sinn effektiv sensibel op Temperatur. Do kann een och hoffen, dass dëse Virus, wann et méi waarm gëtt, dass en da sech manner verbreet. Et muss een awer dobäi soen, de Coronavirus ass jo déi selwecht Famill vu Virus, wéi den SARS, dee mer virun e puer Joer haten, an dat war am Summer. Also mir hunn absolut keng Garantie, dass et am Summer besser gëtt."
Ass een immun wann een de Virus bis hat ?
„T'ass effektiv esou, dass een eng Immunitéit huet, wann een d'Infektioun gemaach huet. Am Moment weess natierlech keen, wéi laang déi Immunitéit dauert. Ass et, wéi bei der Gripp, wou all Joer ee sech erëm infizéiere kann, oder ass dat eng laang Immunitéit? Dat wäerte mer gesinn."
Wat geschitt, wa bis e Fall an enger Crèche oder Schoul opdaucht?
„T'ass méiglech, dass do eng Kéier e Fall opdaucht, respektiv, dass e Kand, well et a Kontakt war mat enger Persoun déi infizéiert ass, a Quarantän gesat gëtt. Do sinn eigentlech déi selwecht Reegelen. Wat bei de Crèchen a bei de Kanner och ganz wichteg ass, dat sinn erëm d'Hygiènesmesuren. A mir sinn do och am enke Kontakt mam Educatiounsministère. An do ass eng Informatiounsreunioun fir Crèchen an aneren Institutiounen nach dës Woch.
Wei grouss ass de Problem vu Fake News?
Dat ass e grousse Problem. Den Direkter vun der WHO huet viru Kuerzem gesot, mir hätten eng Epidemie vu Fake News. Ech kucken och reegelméisseg, wat do vu Commentairë kommen. Do sinn vill 'selbsternannten' Experten, déi awer net ganz vill vum Fach verstinn, déi Commentairë maachen. Mir versichen do géigenzesteiere mat objektiven Informatiounen, wa méiglech.
Mécht et Sënn, groussflächeg ze desinfizéieren?
„Effektiv: et gesäit een heiansdo déi Biller um Fernsee, wou ganz groussflächeg desinfizéiert gëtt, do muss ee sech effektiv d'Fro stellen, ob dat wierksam ass. Wat wierksam ass, ass ganz kloer d'Hänn ze wäschen, respektiv ze desinfizéieren. Et kann een och d'Surfacen, déi mat den Hänn direkt a Kontakt waren, wéi eng Bürosfläch oder d'Computer-Tastatur, propper maachen. Wierklech groussflächeg desinfizéieren huet menger Meenung no net vill Sënn."
Et bleift de Rappell vum Dokter, fir sech un d'Hygiènesconsignen ze halen, also reegelméisseg d'Hänn ze wäschen an ze desinfizéieren a sech net mat den Hänn an d'Gesiicht ze fueren.
Aktuell ginn et zu Lëtzebuerg 5 Infizéierter an 69 Persoune sinn hei am Land a Quarantän.
