De Felix Braz huet sech en Donneschdeg den Owend am Kader vum Parteikongress vun deene Gréngen eng éischte Kéier zanter sengem schwéieren Häerzinfarkt am Summer zejoert un d'Ëffentlechkeet adresséiert, dat via Videomessage u seng Parteikolleegen.
Nächste Partei-Kongress wäert de Felix Braz dann och nees perséinlech dobäi sinn, eventuell souguer eng Ried halen, wéi hie selwer am Video seet.
Zënter puer Deeg kann de fréiere grénge Minister dann och nees trëppelen, heescht et weider, an de Felix Braz wier frou nees kënnen doheem ze sinn.