
Dosende Vertrieder aus de Gemengen hu sech net fléiwe gelooss an hunn op der Schéiss zesumme mam President Emile Eicher an de Ministere Gloden an Thill op dat neit Joer geprost. De President vum Gemengesyndikat ass a senger Ried natierlech op d’Aarbecht aus dem leschte Joer agaangen an do gouf et e grousse Luef fir déi ganz Ekipp. Déi Syvicol huet nämlech zejoert 60 Avisen ofginn an dat sinn der esou vill wéi nach ni.
Avisen iwwert Gesetz- a Reglementsprojeten ze schreiwen, déi d’Gemenge betreffen, ass eng vun den Haaptaufgabe vum Syvicol an den Emile Eicher huet un déi erënnert, un deene besonnesch laang geschafft gouf.
“D’Reform vun de Baugeneemegungen an d’Aféiere vun de sougenannte Bagatellgrenzen. En Dossier, dee mir scho vill diskutéiert hunn an deen eis warscheinlech och nach weider wäert beschäftege wann de Staatsrot mol bis säin Avis virleien huet.”
En Avis op deen och den Inneminister Léon Gloden waart.
“Vu, datt dee schonn e bësse méi laang ënnerwee ass, hunn ech decidéiert, wann deen elo zréckkënnt, wäerte mer direkt déi zweet Etapp vum Silence-vaut-Accord drasetzen. Dat ass d’Masterpiece fir d’Gemengen, och wat am Koalitiounsaccord steet, an Dir wësst, esou gutt kennt Der mech, wat ech versprieche gëtt duerchgesat an ech soen Iech, dat gëtt duerchgesat.”
Den Emile Eicher huet awer zum Beispill och nach den Avis iwwert de Logement abordable ernimmt.
“Do si mer immens frou, well ganz vill vun eisen Iddie sinn elo zeréckbehale ginn an domadder kënne mer och elo ganz gutt liewen. Am Beräich Kultur, do hu mer d’Gesetz iwwert d’Ënnerstëtzung vun den ëffentleche Bibliothéike gehat.”
Den Emile Eicher huet donieft präziséiert, datt de Syvicol ëmmer méi fréi ëm seng Meenung gefrot gëtt an dat wier Aarbecht, vun där een dacks näischt an der Ëffentlechkeet géif gesinn. D’Gemengepolitiker kréien an Zukunft och méi Geleeënheete sech weiderzebilden. Nieft dem Formatiounszyklus fir nei Gewielter gëtt eng Offer vu Formations continues opgebaut. Fir dat éischt Semester dëst Joer sinn 22 eenzel Moduler geplangt. D’Hallschent dovunner beschäftegt sech mat Personalmanagement a Leadership.
Detailer ginn et do op gemengeplattform.lu
D’Personal spillt op enger Gemeng eng kruzial Roll. D’Missioune vun de Gemengen, esou den Inneminister, géifen ëmmer méi villfälteg ginn.
D’Gemengesekretariat misst dofir opgestockt ginn, de Gemengesekretär misst an Zukunft en Universitaire sinn, et géif e Service Ressources Humaines gebraucht an de Receveur wier eigentlech och eng vereelzte Funktioun am Gemengeliewen, wann ee géif bedenken, datt deen nach muss mat sengem private Verméigen haften, wann et eng Differenz an der Keess sollt ginn.
De Syvicol feiert iwweregens Enn November säi 40. Gebuertsdag. Da vläicht schonn a sengen neie Raimlechkeeten. D’Büroen an der Rue Guido Oppenheim, wou de Gemengesyndikat den Ament ass, sinn ze kleng. Zesumme mat der Stad Lëtzebuerg gouf en anert Gebai fonnt, dat elo just nach misst ëmgeännert ginn an da kéinten do souguer Formatiounen a méi klenge Gruppe gemaach ginn.