
De Jean-Lou Siweck iwwerhëlt de 16. September 2021 seng Funktioun als Direkter.
Hie kuckt op eng laang professionell Erfarung an der Mediebranche zeréck. De Jean-Lou Siweck war Generaldirekter vum Grupp "Editpress", Chefredakter vun der Dageszeitung "Tageblatt" a vum "Luxemburger Wort". Hien huet ausserdeem vun 1998 un als Journalist beim Lëtzebuerger Land geschafft a war och ekonomesche Beroder vum Premier.
D'Presidentin vum Verwaltungsrot vum ëffentlech-rechtleche Radio, d''Véronique Faber, huet ënnerstrach, dass de Jean-Lou Siweck duerch säi Professionalismus a seng grouss Erfarung den ideale Kandidat fir de radio 100,7 ass.