"Et war scho bal eng Minutt op Zwielef"De Karate-Nationaltrainer war am Hotel ënnerbruecht, deen zu Bieles gebrannt huet

Christophe Hochard
An engem Hotel mat Restaurant zu Bieles ass e Freidegowend e Feier ausgebrach. Séier hunn d'Flame ronderëm sech geschloen. D'Gäscht koumen awer mat Zäit eraus.

Den Ament wéi d’Feier lassgaangen ass, waren de Lëtzebuerger Nationaltrainer am Karaté Raul Cuevra a seng Partnerin Elena Quirici zesumme mat véier Athleten am Hotel ënnerbruecht. De Raul Cuevra sech um 23.20 Auer e Freidegowend per Telefon beim President vun der Karatefederatioun, dem Fred Charlé gemellt, ewéi dësen am interview mat RTL erkläert: “Um 23.20 Auer huet den Nationaltrainer mir ugeruff. Hien huet mir gesot, dass den Hotel brenne géif. Wéi ech beim Hotel ukomm sinn, stoungen d’Leit dobaussen. Si hate guer näischt méi. Weder Schong nach hir Pabeieren oder de Laptop. Alles huet missen am Hotel bleiwen. Et war scho bal eng Minutt op 12. Si hunn d’Kummerdier opgemaach an du koum den Damp schonn eran.”

Feier an engem Hotel zu Bieles
De President vun der Karatefederatioun Fred Charlé erzielt, wéi de Karate-Nationaltrainer, deen am Hotel ënnerbruecht war, d’Situatioun erlieft huet.

Wéi geet et elo weider?

De Karate-Nationaltrainer ass e Spuenier, deen an der Schwäiz zu Zürech zesumme mat senger Partnerin, dem Elena Quirici lieft. Fir d’Lescht war de Raul Cuerva Trainer vun der schweedescher Nationalekipp. Fir e puer Deeg kënnt de Spuenier dann all Kéiers op Lëtzebuerg, fir den Training ofzehalen. Meeschtens vu freides bis sonndes. “Mir ware scho bei der Police. Schliisslech hu si hir Päss verluer a musse muer zréckfueren. Vun der Police brauchen si elo e Pabeier, deen zertifiéiert, dass si hir Dokumenter an engem Feier verluer hunn.”, esou de Fred Charlé.

Feier an engem Hotel zu Bieles
Well dem Nationaltrainer a senger Partnerin hir Päss verbrannt sinn, krute si elo en Dokument vun der Police.

“No guddem Training, eng onbequeem Situatioun”

“Et war e ganz entspaanten Training”, sou den Head Coach Raul Cuerva um RTL-Mikro “Den Owend huet allerdéngs mat engem Feier am Hotel net esou flott opgehalen. Mäi Papp ass Pompjee, dofir weess ech, wéi ech mech muss an esou enger Situatioun verhalen.”

Feier an engem Hotel zu Bieles
De Karate-Nationaltrainer Raul Cuevra ass frou, dass kee blesséiert gouf.

Déi ganz Ekipp vun der Karate Federatioun ass bis e Sonndeg an engem Hotel zu Péiteng elo ënnerbruecht.

De President vun der Karatefederatioun zesumme mam Nationaltrainer.
De President vun der Karatefederatioun zesumme mam Nationaltrainer.
© Christophe Hochard / RTL

“C’était traumatisant”

Eng direkt Nopesch vum Hotel-Restaurant an der Rue des Alliés ass wärend der Nuecht vun de Pompjeescamione wakereg ginn. “Je suis sorti de la maison et j’ai vu les flammes”, erzielt d’Emilie am RTL-Interview. Dem Proprietär wär et gelongen, all d’Gäscht aus dem Hotel ze kréien. Bis op eng Persoun, déi huet misse gehollef kréien, fir aus dem Zëmmer ze kommen.

"Et war traumatiséierend"
Eng Nopesch erzielt, wéi si d’Feier am Hotel zu Bieles erlieft huet.

“Honnêtement ça serait vraiment triste que ça soit la fin d’une histoire”, sou d’Nopesch nach weider am Interview.

Back to Top
CIM LOGO