Dëst Joer steet de Camp ganz am Zeeche vun den Indianer. D'Aktivitéiten bezéie sech dowéinst och all op de klengen Häuptlingsjong Yakari. Déi verschidden Ateliere sinn awer och do, fir de klenge Scouten d'Natur méi no ze bréngen.
Déi 169 Kanner, déi tëscht 8 an 11 Joer al sinn, léiere bannent de 6 Deeg den Alldag an engem Indianerduerf besser kennen. Donieft stinn och vill Spiller an handwierklech Aktivitéiten um Programm, déi ëmmer a Verbindung mat der Philosophie vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn. D’Kanner solle léiere Responsabilitéit z‘iwwerhuelen, sech fir anerer anzesetzen a respektvoll mat der Natur ëmzegoen.
Och wann et wierkt, wéi wann de Yakari-Camp e normale grousse Scoutscamp ass, ass en an esou muncher Hinsichten aneschters, esou den Haaptresponsabelen Tom Lahr. „Also normalerweis ass et esou, dass eis lokal Guiden a Scoutsgruppen, hir Campe selwer organiséieren. Mir bidden awer als Federatioun vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten all puer Joer eng Formule un, fir Gruppen, déi v'leit net esou vill Kanner hunn oder net esou vill Chef. Da kréien si um Neihaischen an eisem nationale Formatiounszenter d’Méiglechkeet, fir dass d’Kanner awer och e Camp kënne maachen.“
Déi forméiert Scoutecheffen an déi 15 Leit vum Staff, déi wärend de 6 Deeg d’Kanner betreien, si wéi op all anerem Camp vun de Scouten, als Benevoller derbäi.