
Virun deem Hannergrond ass de Premierminister Luc Frieden aktuell op Visitt un der Westküst vun den USA, fir do mat de Vertrieder vun enger Partie Tech-Firme beieneen ze kommen. Virun allem d’Kënschtlech Intelligenz géing senger Meenung no vill Chance bidden, ma all ze vill Konkretes dierft bei der Rees um Enn awer net eraussprangen.
Deen éischten Dag vun der Visitt huet de Premier a seng Delegatioun op Seattle gefouert. De Luc Frieden gëtt ënnert anerem vun de Cheffe vun der Post, LuxConnect a Proximus begleet. Um Programm stinn Entrevuë mat de Vertrieder vun den amerikaneschen Tech-Giganten Amazon, Google a Microsoft. Déi Gespréicher géingen am Kader vun der Datestrategie, der Strategie vun der Kënschtlecher Intelligenz an der Quantestrategie gefouert ginn. Et wier eben einfach esou, datt d’USA an deene Beräicher ee Virsprong op Europa hätten, dowéinst wier et wichteg, vun hirer Erfarung ze profitéieren. D’Zil vun Europa misst et nämlech sinn, eng eege Souveränitéit opzebauen, eng komplett Autonomie wier awer wuel illusoresch. No de méigleche Risike gefrot, déi vun der Kënschtlecher Intelligenz ausginn, huet de Luc Frieden virun allem op déi méiglech Virdeeler verwisen.
“Dat ass och vläicht mäi Charakter, deen do fir d’éischt d’Opportunitéite gesäit. D’Riske muss een natierlech kucken an de Cas échéant reglementéieren, mee ech sinn der Meenung, wann een ze vill reglementéiert, da bremst een déi technologesch Evolutioun. Dowéinst muss ee kucken, wou kënnen Abuse gemaach ginn an do muss een dann agräifen an dat mécht een idealerweis zesumme mat aneren, wéi zum Beispill den Amerikaner.”
De Premier huet och dorun erënnert, datt China an deem Beräich ganz aktiv wier. Hien hätt awer elo net wëlles, och déi chineesesch Tech-Firme besichen ze goen.
Mat Bléck op Amazon huet de Luc Frieden ënnerstrach, datt d’Entreprise mat enge 4.000 Salariéeë mëttlerweil dee gréisste Patron zu Lëtzebuerg wier. D’Firma géing dobäi esouwuel enk mat der Adem zesummeschaffen, wéi och vill interessant Talenter aus dem Ausland unzéien. Dowéinst wier et gutt, datt no 10 Joer mol rëm eng Kéier ee Lëtzebuerger Premier bei Amazon present ass. De Luc Frieden gouf wärend der Pressekonferenz, déi e Méindeg de Moie per Video-Call ofgehale gouf, och op déi geplangten Entloossunge bei Amazon ugeschwat a gefrot, ob dat am Gespréich mam CEO een Thema wäert sinn.
“Selbstverständlech wäert ech hien och froen, wat den Impakt op Lëtzebuerg ass, vun deem, wat se do annoncéiert hunn. Ech mengen, sou wäit ech dat weess, hu se bis elo net genee gesot, wat an deenen eenzele Länner ass. Mee ech ginn dovun aus, datt Amazon ee ganz groussen Acteur zu Lëtzebuerg bleift.”
Nach ëmmer net u Land gezunn, huet ee par contre den Datenzentrum vu Google, dee jo am Fong an der Gemeng Biissen gebaut soll ginn.
“Dat ass een Dossier, deen de Minister Schneider viru méi wéi 10 Joer, oder virun 10 Joer ugefaangen huet a Google huet sech do ni richteg an d’Kaarte kucke gelooss. De Message vun där Regierung, déi ech féieren, wäert awer ganz kloer sinn, datt ech hoffen, datt se dat maachen, datt se zu Lëtzebuerg wëllkomm sinn an, datt mer se op deem Wee ënnerstëtzen.”
Den Datenzenter zu Biissen géing awer net am Fokus vun der Entrevue mat Google stoen. D’Firma wier ee wichtege Partner am Beräich vun den Donnéeën, dat géing de Cloud-Projet Clarence weisen.
Generell géing et bei dëser USA-Rees dorëm goen, Lëtzebuerg op d’Weltkaart vun de groussen Tech-Entreprisen ze bréngen respektiv do ze halen. Kontrakter géingen awer keng ënnerschriwwe ginn.
Um éischten Dag vu senger Visitt war de Luc Frieden ënnert anerem bei Boeing um Site zu Seattle gëtt aktuell den neie Cargofliger vum Typ 777 gebaut. Nieft der Cargolux a Luxair schafft Boeing och mat der SES zesummen. Elo geet et fir déi Lëtzebuerger Delegatioun weider op San Francisco an e Mëttwoch da rëm zeréck an de Grand-Duché.