AssurancenDe Marc Lauer ass nees President vun der ACA

RTL Lëtzebuerg
De CEO vum Assurancegrupp Foyer gouf en Donneschdeg schonns am Verwaltungsrot vun der Associatioun vun den Assurancen-Gesellschafte gewielt.
© RTL-Archiv

Hien ersetzt soumat de Christian Gibot, deen awer am Verwaltungsrot bleift. Et ass elo fir déi véierte Kéier, dass de Marc Lauer d’ACA presidéiert. Fir d’Lescht war hie vu Mee 2020 bis Mäerz dëst Joer op deem Posten.

Back to Top
CIM LOGO