
Wärend den Norbert Classen als Éischte Schäffen am Schäfferot bleift, gëtt d’Jeanne, dite Bibi, Wintersdorf nei Zweet Schäffin. Sechs vun den néng Conseilleren hu fir deen neie Schäfferot gestëmmt. Enn Dezember war dee viregte Schäfferot ronderëm d’Buergermeeschtesch Jill Goeres duerch eng Motion de censure gestierzt ginn, dat nodeems virdru schonn de Budget fir 2026 refuséiert gi war. D’Jill Goeres an d’Nathalie Wohlfart, déi bis elo Schäffin war, wäerten aus dem Gemengerot demissionéieren. Dowéinst mussen dëst Joer Komplementarwalen organiséiert ginn, fir déi zwou fräi Plazen ze besetzen. Wéini dat de Fall wäert sinn, ass awer nach net gewosst. D’Jill Goeres war iwwregens 2023 mat deemools 20 Joer zur jéngster Buergermeeschtesch vum Land gewielt ginn.
De Max Pesch ass parteipolitesch bei deene Gréngen aktiv an ass Co-President vun déi Gréng Osten. De gebiertegen Iechternacher war an der Zäit Oppositiounsconseiller fir déi Gréng an der Abteistad.