
Dofir waren den Emile Bohnenberger, de Laurent Fisch, de Gilles Kartheiser, de Max Pesch an d’Bibi Wintersdorf. Dogéint gestëmmt hunn d’Jill Goeres (Buergermeeschtesch), den Norbert Classen (Schäffen), d’Nathalie Wohlfart (Schäffin) an den Nico Schmit. Een neie Schäfferot wäert awer réischt Ufank vum nächste Joer gewielt ginn. Viru knapp dräi Woche war schonn de Budget mat deem selwechte Resultat verworf ginn.
D’Madame Goeres an d’Madame Wohlfart wäerten allebeid aus dem Gemengerot zu Bech demissioneieren, wann deen neie Schäfferot bis am Amt ass. Et ginn dann och Komplementarwalen organiséiert, fir déi zwee fräi Sëtz nei ze besetzen.
Den Emile Bohnenberger war vun der fréierer Majoritéit bei déi deemoleg Oppositioun gewiesselt. Hien hat dat ënnert anerem domadder begrënnt, datt d’Buergermeeschtesch hiert Amt net mat dem néidege Seriö ausgeüübt hätt an hie vum Schäfferot net genuch agebonne gi wier. D’Jill Goeres hat déi Reprochen zeréckgewisen an dem Emile Bohnenberger hirersäits virgeworf, datt hien ee Problem domadder hätt, datt si sech als jonk Mamm weider politesch engagéiere géing, amplaz sech reng ëm hiert Kand ze këmmeren.