"Physesch Gewalt um Haff"De Parquet mécht eng Enquête, Haff wëll konstruktiv matschaffen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Parquet eng Enquête préliminaire wéinst Aussoen iwwert presuméiert Fäll vu kierperlecher Gewalt um Haff opmécht, reagéiert och den Haff selwer.
© RTL

Op RTL-Nofro hin heescht et an engem kuerze Statement, et hätt ee Respekt fir dës Decisioun vum Parquet, déi richteg an appropriéiert wier, vis à vis vun esou Aussoen, déi de Land-Journalist an der RTL-Emissioun "Presseclub" e Sonndeg gemaach hat.

Den Haff ënnerstëtzt dës juristesch Initiative voll a ganz a seet sech prett, fir "konstruktiv" mat den Enquêteuren zesummenzeschaffen, fir datt d'Wourecht eraus kënnt.

Wärend der Enquête préliminaire iwwert d'Uschëllegungen, déi gemaach goufen, féiert d'Police Judiciaire d'Interrogatoiren, fir duerno dem Parquet e Rapport ze maachen. Un him dann ze tranchéieren, op dës Affär juristesch Suitten kritt oder net.

Am RTL-Presseclub hat de Pol Schock vun engem glafwierdegen Zeien geschwat, deen d'Aussoen iwwert d'kierperlech Gewalt dem Journalist géintiwwer gemaach hätt.

D'Aussoen iwwer physesch Gewalt aus dem Presseclub

RTL-Presseclub vum 2. Februar: Journalist Pol Schock schwätzt vu physescher Gewalt um Haff

RTL-Presseclub vum 2. Februar
De Waringo-Rapport war de Sujet am Presseclub, e Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer op RTL Radio.

Schreiwes vum Parquet

Communiqué de presse du parquet de Luxembourg en relation avec des déclarations qui ont été faites lors de l’émission RTL Presseclub

(04.02.2020)

Le parquet de Luxembourg a ouvert une enquête préliminaire dans le contexte des déclarations qui ont été faites lors de l’émission RTL Presseclub en date du 2 février 2020, où il a été question de violence physique à la Cour grand-ducale.

Le service de police judiciaire a été requis de procéder à certains devoirs d’investigation.

Le parquet de Luxembourg attendra les conclusions de l’enquête pour décider des suites éventuelles.

RTL NEWS: Waringo-Rapport offiziell public
Waringo-Rapport: Am neien Organigramm ass keng Plaz méi fir d'Grande-Duchesse
Reaktioune Waringo: Deputéiert zouversiichtlech, datt Reformen ëmgesat ginn

Back to Top
CIM LOGO