Zanter e Freideg ass de Rapport vum Jeannot Waringo public, iwwert de Fonctionnement vum Haff. De Premier huet betount, datt hien zu der Monarchie steet.

Pressekonferenz vum Premier Xavier Bettel
Zanter e Freideg ass de Rapport vum Jeannot Waringo public, iwwert de Fonctionnement vum Haff. De Premier huet betount, datt hien zu der Monarchie steet.

Et kënnt no der Presentatioun vum Waringo-Rapport an der Chamber zu déifgräifende Reforme beim Haff.

D'Regierung setzt quasi all Recommandatioune vum Jeannot Waringo op de Niveaue Budget, Struktur a Personalgestioun ëm, dat huet de Staatsminister an der Chamber an duerno virun der Press ënnerstrach.

Deemno gëtt zum Beispill de Poste vun engem "Commissaire à la Cour" nei geschaaft an dee vum General-Manager, aktuell den David Grieu, ofgeschaaft.

Xavier Bettel/Froen an Äntwerten

Nei geschaaft gëtt och e Koordinatiouns-Comité als Schnëttstell tëscht der Regierung an dem Haff, grad wéi mat der Maison du Grand- Duc eng Entitéit, déi fir d'Finanzen an d'Personalgestioun zoustänneg ass. Kloer misst och, wat d'Aktivitéite vun der Fra vum Grand-Duc ugeet, getrennt ginn tëscht privatem an ëffentlechem Engagement.

Wat d'Finanze vum Haff uginn, sou soll laang iwwerfälleg Gesetzespropositiounen iwwert de Kontroll vun de Konten aus dem Joer 1999 schlussendlech ëmgesat ginn. Och gëtt de Posten vun engem interne Finanzkontroller nei kreéiert.

E kompletten Aktivitéitsrapport soll dann d'nächst Joer eng éischte Kéier vum Haff public gemaach ginn.

All dës Reformschrëtt gi vun deem suivéiert, deen och d'Propositioune gemaach huet: also dem Jeannot Waringo, dee Merci gesot krut vum Premier, fir seng fläisseg Aarbecht an déi modest an virsiichteg Echangen, déi hien am Kader vum Rapport mat aktuellen a fréiere Mataarbechter vum Haff hat.

De Xavier Bettel iwwer den neien Organigramme
Am neien Organigramm ass keng Plaz méi fir d'Grande-Duchesse.

Cour soll "Lëtzebuerger Modell" kréien

Wéi de Staatsminister sot, soll no der Reform vun der Cour "e Lëtzebuerger Modell bestoen, dee gutt funktionéiert." Nach eemol huet den DP-Politiker och betount, datt hien zur "Monarchie steet", wëll dës Staatsform zum Land géif passen.

Eng Monarchie, déi sech un demokratesch an rechtsstaatlech Normen hält;

Eng modern, transparent an novollzéibar Personal-Gestioun

E kloren Organigramm mat de Rechter, Flichten an berufflechen Ufuerderungen fir de ganze Staff vum Haff

Oppe Finanzen, wou all Ausgaben justifiéiert sinn a kënnen beluecht an zougeuerdent ginn...

Dat sinn nëmmen e puer vun de Conclusiounen aus dem Waringo-Rapport, deen an der zoustänneger Chamberkommissioun vun den Institutioune presentéiert gouf.

Eng Presentatioun, déi eng gutt Stonn laang gedauert huet, éier d'Deputéiert du géint 12.45 Auer konnten hir Froen un de Staatsminister an de fréieren IGF-Direkter Jeannot Waringo stellen. De Resumé gouf duerno fir d'Press am Kooperatiounsministère gemaach.

Bettel iwwer Waringo (1) / Reportage Carine Lemmer
Bettel iwwer Waringo (2) / Reportage Carine Lemmer

Haff soll als Institutioun moderniséiert ginn

Wéi de Staatsminister selwer sot, misst lo alles gemaach ginn, datt den Haff als Institutioun moderniséiert gëtt, sou datt se net kritikabel ass a se doduerch gestäerkt gëtt.

De Grand-Duc wier "partant" fir dës Demarchen, esou de Xavier Bettel, deen de Staatschef als "Partner am Moderniséierungs-Prozess" bezeechent huet.

De private Message vum Grand-Duc, deen Ugangs leschter Woch fir Erstaune gesuergt huet, war net vum Staatsminister ofgeseent. Och hätt hien näischt dovunner gewosst. An Zukunft soll dann och de Kommunikatiouns-Service vum Haff vill méi enk mam SIP zesummeschaffen.

Och d'Personalpolitik soll iwwert de Staatsministère goen. Esou muss de Staatsminister bei all Personaldecisioun säin Accord ginn.U sech hätt dat schonn elo misse geschéien, mä an der Vergaangenheet wär sech net dru gehale ginn.

Am neien Organigramme, deen elo wäert opgestallt ginn, wäert d'Fra vum Grand-Duc keng Plaz an der Organisatioun vum Haus hunn, esou de Staatsminister ganz kloer.

Den Ament ginn et eng hallef Dosen esou Schaff-Pläng beim Haff. Dës ginn also fusionéiert, wisou datt et keng Onkloerheete méi solle ginn.

Datt de Parquet elo wéinst Gewalt um Haff enquêtéiert, wollt de Premier net kommentéieren. Hie géif sech do strikt un d'Gewaltentrennung halen.

D'Pressekonferenz vum Xavier Bettel