Deputéiert zouversiichtlech, datt Reformen ëmgesat ginn
D'Reaktioune vun den Deputéierte waren duerch d'Bänk positiv, an awer gi sech Froe gestallt.
Et ass een zefridde mat de Conclusiounen, déi de Premier aus dem Rapport vum Jeannot Waringo gezunn huet. An awer stelle sech nach eng Rei wichteg Froen, notamment déi vun der Verantwortung. Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum gëtt ze bedenken, dass an all Entreprise, bei där et esou massiv Dysfonctionnementer gëtt, op d'mannst ee Responsabelen säin Hutt muss huelen.
E Réckzuch vum Grand-Duc oder esouguer en Ofschafe vun der Monarchie huet awer keng vun de siwe Parteie gefuerdert. Am Géigendeel wéilt een d'Monarchie duerch dës Reformen nohalteg stäerken. Gläichzäiteg ass dëst awer och net dee éischte Versuch, e bëssen Uerdnung an d'Fonctionnement vum Haff ze bréngen, wéi de Vizepresident vun der Institutiounekommissioun an CSV-Deputéierte Leon Gloden erkläert.
„Et ass jo net, wéi wann elo déi éischte Kéier eppes probéiert gi wier ze reforméieren. Et si jo och ënnert der viregter Regierung an och ënnert der aktueller Regierung Accorden ofgeschloss gi mam Haff. Et stellt sech awer eraus, dass dat net esou ëmgesat ginn ass, wéi dat festgehale ginn ass iwwert d'Kontrollmechanismen an ech mengen, dat ass och ee Punkt, deen eben an de Modalitéite festgehale ginn, wéi eben assuréiert gëtt, dass d'Cour Grand-ducale no transparenten a moderne Reegele vu enger moderner Verwaltung fonctionéiert an och ka gepréift ginn.“
Vue datt an Zukunft all Joer e Rapport soll gemaach ginn, an deem genee opgeschlësselt gëtt, wéi d'Steiergelder investéiert goufen, schéngen d'Deputéiert awer zouversiichtlech, dass d'Reformen dëst d'Kéier och wierklech wäerten ëmgesat ginn.