Wärend engem Joer - vum Hierscht bis de Summer - geet een an eng Formatioun a gläichzäiteg hält ee selwer och scho Schoul. Den Ament sinn iwwer 180 jonk Leit op dësem Wee a sti kuerz virun hire leschten Examen.
Ee vu ville Klassesäll vun der Albert-Wingert-Schoul zu Schëffleng. D'Nadine Bettendorf sëtzt hannert hirem Pult an ass mat hire Schüler a Schülerinnen iwwer en Chat verbonnen.
An Zäite vun der Corona-Pandemie ginn d'Coursë fir d'Quereinsteiger ouni physesch Presenz vun hinnen organiséiert. D'Fächer Däitsch a Lëtzebuergesch stoungen dëser Deeg um Programm.
9 jonk Leit waren online. Zanter September si si am Gaange sech ëmzeschoulen. Am Enseignement wëlle si Fouss faassen. Dobäi kréie si vum Léierpersonal déi néideg Ënnerstëtzung.
D'Barbara De Toffel huet Psycho studéiert a schafft zanter dem leschten Hierscht zu Gaasperech als Schouljoffer. Si hält Schoul a kritt als Quereinsteigerin selwer nach Formatioune gehalen.
D'Barbara schafft am Cycle 3.1, also dem fréieren 3.Schouljoer. Si selwer huet elo och nach Exame viru sech.
220 Leit hunn d'lescht Schouljoer de Schratt an den Enseignement gewot. Dëst Joer sinn et der e puer manner.
Fir déi 185 Quereinsteiger geet d'Formatioun op déi leschte Ligne droite. D'Kandidature fir déi nei Formatioun kënne bis de 26. Juni eragereecht ginn.