Och haut nach infizéiere sech vill Leit, gi krank dovun a weltwäit leide Millioune Leit ënnert de laangfristege Konsequenzen. Rieds geet vu Long Covid. Et bedeit, Symptomer ze hunn, déi sech iwwer Méint oder souguer Joren zéien. Op enger Konferenz um Belval gouf de CoVaLux-Programm Revue passéiere gelooss a gekuckt, wat een iwwer déi lescht véier Joer am Kontext Covid-19 geléiert huet. International Wëssenschaftler, dorënner och Experte vu Lëtzebuerg, hunn iwwer déi lescht zwee Deeg Fuerschungsresultater presentéiert. Et gouf och driwwer beroden, wéi ee sech besser op eng méiglech nächst Pandemie preparéiere kann. Den Dokter Paul Wilmes vum Luxembourg Centre for Systems Biomedecine erkläert:
“Mir hate Virträg zum Beispill lo vun der OECD global, wat bedeit Covid-19 elo fir déi eenzel Gesondheetssystemer weltwäit? Wat bedeit et fir d’Gesellschaft? A wat bedeit et fir déi Eenzel, déi dovun affektéiert sinn, wat bedeit et fir si berufflech? Dann hu mer eben iwwer d’Immun-Réponse bei ebe Leit mat Long Covid Virträg gehat. Wou mer ebe gesinn hunn, dass et awer do lo ganz kloer Mechanisme gëtt, firwat eng Persoun Long Covid kritt.”
Et hätt sech och erausgestallt, dass wann eng Persoun méi dacks schonn eng Covid-Infektioun hat, datt dat de Risiko vu Long Covid net géif reduzéieren.
Bei 4 bis 8 Prozent vun der Populatioun weltwäit hätt de Coronavirus laangfristeg Auswierkungen. D’Symptomer kéinte betraffe Patienten och zwee Joer no der initialer Infektioun nach beanträchtegen. Long Covid wier e komplexe Phenomen. Fuerscher weltwäit géifen intensiv dru schaffen, fir d’Erkrankung besser ze verstoen a geziilt Behandlungsmethoden z’entwéckelen. D’Pandemie ass also awer nach laang net eriwwer. Op d’mannst net fir jiddereen.
De komplette Reportage zu dësem Sujet gesitt Dir den Owend am Journal vun der Tëlee.
