Wiederphenomen "El Niño"Wat bedeit de méigleche Super-Event 2026 fir Lëtzebuerg?

Charlie Stone
Och wann international iwwer e méigleche "Super-El Niño" am Joer 2026 diskutéiert gëtt, bleift déi konkret Auswierkung op Lëtzebuerg nach ongewëss. D'Fuerscher gesinn awer däitlech global Signaler.
Spanish for boy, El Niño is a weather event that takes place every two to seven years and last around nine to twelve months.
© Pexels

Vill Leit ginn dovun aus, dass Wiederphänomener op der anerer Säit vum Planéit eis net direkt betreffen. Awer dacks stécht hannert den dramatesche Begrëffer, déi um Internet an op soziale Medien den Tour maachen – wéi "Super-Event" oder "Godzilla-Event" – eng gewëssen Opmierksamkeet.

Wat ass den "El Niño"?

El Niño, spuenesch fir "de Jong", ass e Wiederphänomen, dat all zwee bis siwe Joer virkënnt an am Duerchschnëtt néng bis zwielef Méint dauert. Bei normale Bedéngungen (sougenannt ENSO-neutral Phasen) beweegt de Passatwand waarmt Uewerflächewaasser vu Südamerika aus no Asien. Duerch dëse Prozess klëmmt kal Waasser aus méi déiwe Schichten no uewen – dat ass "Upwelling". Bei engem El Niño schwächt de Passatwand of oder dréit souguer ëm, esou dass dat waarmt Waasser sech iwwer de Pazifik verdeelt an net nëmmen an Asien bleift. Dëst féiert zu méi naassem Wieder an de Regiounen ëm den Euquator a kann d'Atmosphär an d'Temperaturen op der ganzer Welt beaflossen. D'Auswierkunge si regional ënnerschiddlech: Peru kritt dacks méi Iwwerschwemmungen, wärend zum Beispill Indonesien, Indien an Deeler vu Brasilien mat Dréchenten ze kämpfen hunn. Grondsätzlech ginn duerch d‘Energie, déi aus dem waarme Pazifikwaasser an d'Atmosphär iwwergeet, déi weltwäit Temperatur an d'Wieder beaflosst. D'Géigephas heescht La Niña: Dobäi ass de Passatwand méi staark, dat kaalt Waasser kënnt no uewen, an d'Temperaturen am zentrale bis ëstleche Pazifik ginn erof.

Wisou gëtt vum "Super El Niño" geschwat?

De Meteorolog Luca Mathias vu Meteolux erkläert, dass "Super-El Niño" net offiziell vun der WMO, also der Weltorganisatioun fir d'Meteorologie, definéiert ass. Fir 2026 gëtt de Begrëff awer benotzt, well d'Temperatur- a Wäermtreserven am westleche Pazifik aktuell ongewéinlech héich sinn an eng Rei vu staarke Westwandsystemer am Fréijoer vill waarmt Waasser an den Osten transportéiert hunn. E Muster, dat ganz intensiv Eventer kennzeechent.

Meteorologist Luca Mathias
© Andy Brücker

Dës Siicht gëtt och vum brittesche Met Office gedeelt: D’Laangzäitprevisiounscheffin huet an engem Podcast ervirgehuewen, dass sech den tropesche Pazifik am Moment méi séier erwiermt wéi zu all anerer Zäit dëst Joerhonnert, wat op eng aussergewéinlech Entwécklung hindeit. El Niño-Eventer ginn no der Deviatioun vun der Mëtteltemperatur an der zentral-osteëstlecher tropescher Pazifikregioun klasséiert: Schwach Phasen hunn e Plus vun 0,5 bis 1°C, staark Phasen iwwerschreiden 1,5°C. Déi informell Bezeechnung "Super-El Niño" gëllt bei Anomalien iwwer 2°C, déi iwwer Méint bestoe bleiwen. D’Ensemble-Modelle fir Oktober 2026 reeche vum +1,5°C bis +3°C

Wéi gesäit et mat de méiglechen Effekter fir Lëtzebuerg aus

De Luca Mathias weist drop hin, dass d'Land wäit baussent de gréissten Impaktzone vum El Niño läit, wat Amerika, Ostasien an Australien wieren. Méiglech Auswierkunge ginn nëmmen indirekt iwwert atmosphäresch Verbindunge vermëttelt: Déi tropesch Erwiermung verännert den Jetstream am Nordpazifik a beaflosst domat d'Zirkulatioun an d'Loftdrockverhältnisser iwwer dem Atlantik an Europa. Dëse Mechanismus ass awer komplex a schwéier ze quantifizéieren. Analysen op Basis vun 78 Joer Donnéeë vum Findel, mat zéng El Niño-Episoden, weisen, dass déi markantst Tendenz am Hierscht vum Entwécklungsjoer optrëtt: D'Quantitéite vum Nidderschlag leien da ronn 25 bis 30 Prozent iwwer dem Duerchschnëtt. D'Reaktioun am Wanter, déi dacks am Fokus vun de Medie steet, ass dogéint onbestänneg a weist keng kloer Linnen. Déi lescht grouss El Niño-Phasen hu variéiert Wantere bruecht – vun aussergewéinlech mëll bis kal. Sécher ass nëmmen, dass den El Niño zu enger weltwäiter Hausse vun der Duerchschnëttstemperatur bäidréit, och wann dësen Effekt net ëmmer direkt zu Lëtzebuerg ze spieren ass.

E Verglach illustréiert d'Onsécherheet: De staarke El Niño vun 1997/98 huet zu Lëtzebuerg weder aussergewéinlech Summer nach markant Wantere bruecht; 1982/83 huet de Wanter och net erausgestach, och wann den Hierscht naass war. 1972/73 war dogéint kal a dréchen. Variabilitéit vun de Joren dominéiert also all El Niño-Signal hei am Land.

Wéini wësse mer méi?

De Luca Mathias nennt zwou wichteg Phasen: Tëscht Enn Mee a Ufank Juni 2026 fält déi sougenannt "Spring Predictability Barrier". Da kënnen d'Modeller besser ofschätzen, wéi intensiv den Event gëtt. Déi zweet Etapp kënnt am Hierscht: Eréischt am September/Oktober ginn déi saisonal Modeller eng méi zouverlässeg (awer ëmmer nach probabilistesch) Indikatioun, wéi de Wanter 2026/27 kéint ausfalen. Bis dohin bleift d'Situatioun fir Lëtzebuerg zimmlech onsécher. Fest steet awer: An Zäite vu Klimawandel kënnen esou Phänomener dacks en zousätzlechen Impakt hunn.

D'WMO resüméiert: Laangfristeg méi héich Temperature féieren zu méi extreme Wieder- a Klimaphänomeener an änneren d’Nidderschlags- an Temperaturmuster weltwäit.

Back to Top
CIM LOGO