Rebellioun zu Réiden op der AtertEng Fra huet e puer Poliziste blesséiert, nodeems si randaléiert a ronderëm sech gespaut hat

Andy Brücker
D'Fra huet musse verhaft ginn an hat e Freideg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
© Laurent Weber

En Donneschdeg den Owend krut d'Police géint 18 Auer eng Fra gemellt, déi zu Réiden géif iwwert d'Strooss lafen an do Autoe géif stoppen, déi laanscht fueren. Domadder awer net genuch... si huet dann och nach op d'Autoen ageschloen an op se gespaut.

Net iwwerraschend war d'Fra dann och net wierklech kooperativ, wéi d'Polizisten op der Plaz ukomm sinn. D'Fra hat nawell e bëssen eppes iwwert den Duuscht gedronk. Well si eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, gouf decidéiert si mat an de Passagearrest ze huelen, dat nodeems si medezinesch kontrolléiert gouf.

Well si weiderhi randaléiert huet, goufen dann och direkt e puer Policebeamte blesséiert. Si gouf verhaft an hat e Freideg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Drogekonsum zu Déifferdeng - Zwee Autoen immobiliséiert

E Samschdeg de Moie géint 5 Auer ass eng Policepatrull zu Déifferdeng op véier Persounen opmierksam ginn, déi hir Autoen an der Géigend vum Kierfecht geparkt haten. Bei der Kontroll sollt sech erausstellen, dass déi Véier ënner Drogenafloss stoungen a kleng Quantitéite Cannabis bei sech haten. Weider huet d'Police festgestallt, dass si Dreck an Zigarettestëmp hannerlooss hunn. Déi véier Persoune goufe protokolléiert an déi zwee Autoe goufen immobiliséiert.

Back to Top
CIM LOGO