Abriecher zu Wëlwerwolz gepëtztAn der Nuecht op e Freideg war en Abriecher am Éislek aktiv, konnt awer op frëscher Dot erwëscht ginn

Andy Brücker
No engem éischte Versuch, wou e gestéiert gouf, huet en et nach an engem aneren Haus probéiert, wat him zum Verhängnes gouf.
© RTL-Grafik

E Freideg an de fréie Moiesstonnen, géint 2:30 Auer, gouf d'Police alarméiert, well en Abriecher zu Wëlwerwolz aktiv war. En hat mat enger Täscheluucht an en Eefamilljenhaus an der Cité Penscherbierg geliicht, gouf do awer vun enger Awunnerin iwwerrascht an ass geflücht.

D'Police ass direkt op d'Plaz gefuer an huet dunn och an der Strooss "Am Duerf" gesinn, dass d'Fënster vun engem Haus futti geschloe gouf. Am Haus selwer konnten d'Beamten de presuméierten Abriecher untreffen. Bei der Kontroll sollt sech erausstellen, dass e Geschier bei sech hat, grad ewéi Boergeld. De presuméierten Abriecher gouf verhaft an hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO