Um 14.30 Auer war den Accueil um Buerghaff, éier um 15 Auer den offiziellen Deel am Centre Culturel zu Useldeng um Programm stoung. E sëllege Politiker a Frënn hate sech do zesummefonnt, fir dem Pollo Bodem ze gratuléieren.
Um 17 Auer ass et virugaange mat engem Éierewäin, éier et dann iwwergaangen ass an e Volleksfest.