ZeienopruffDe Proprietär vun engem Safe gëtt gesicht

RTL Lëtzebuerg
Am Juni gouf de Safe vun der Mark "Trendline" an der Rue du Cimetière zu Kiele fonnt. De Safe war op an et ware keng Unzeeche vun engem Abroch ze gesinn.
© Police

Bis elo konnt d'Police de Proprietär net ermëttelen an de Safe gouf bis ewell och net mat engem Abroch oder mat engem Déifstall a Verbindung bruecht ginn. Hiweiser oder Informatioune si fir d'Police vu Capellen per Telefon iwwer d'Nummer +352 244-301000 oder per Email un d'Adress: police.capellensteinfort@police.etat.lu.

D'Police huet och eng Lëscht vu Géigestänn publizéiert, déi fonnt goufen a wou de Proprietär gesicht gëtt:

- Schlëssel: Mercedes, Honda, BMW, Peugeot, Mazda, Renault

- GSM: 71 Handyen (vun alle Marken)

-Brëll: 15 Stéck (Cazal, Burberry, The One, Ray-Ban, Acuitis)

-Poschen: Adidas, blo Quechua, Lancel mat diverse Kleeder

-Bijouen: 9 Bijouen (Rank, Ouerréng, Broche)

-Vëloen: roude Minerva Delta 24, Scott, Giant Twist

Fir een elektroneschen Apparat sichen ze goen, brauch een eng Seriennummer oder eng IMEI-Nummer.

Fir weider Informatioune kann een de Service National des Objets Trouvés kontaktéieren op der Nummer 244 244 070 oder per Email: snot@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO