
Virun deem Hannergrond war et d’Analys vum CNFP, dem Conseil national des Finances publiques. Den Haaptvolet läit bei der Budgetspolitik.
Dëst Joer wäert d’Land ee Wuesstem vun 2% vum PIB hunn, d’nächst Joer vun 3%. D’Inflatioun dierft sech an den nächsten 3 Joer ënner 2% apendelen. Mat allerdéngs der Inconnue wéi et beim Deckele vun den Energiepräisser weidergeet. Fält déi Deckelung, da geet d’Inflatioun relativ schëtzeg op 3,3% an d’Luucht.
Mir missten d’ëffentlech Schold weider ënner 30% vum PIB gehale kréien. Den Aarbechtsmaart dierft mat 2,1% manner wuessen, de Chômage dogéint dëst Joer op bal 6% klammen.
Beim Budget dréckt de Schong manner bei de Recetten, mä an éischter Linn bei den Depensen, seet de President vum CNFP Romain Bausch.
“De Staat huet, a vläicht och d’Gemengen, ee ganz grousse Rhythmus vun Ausgaben. An dat ass historesch gesi vill méi niddreg gewiescht. Fir d’Staatsfinanzen erëm an den Equiliber ze kréien, muss een do bei verschiddenen Depensen awer méi strikt virgoen.”
Et ginn do Depensen, déi wirtschaftlech a sozial noutwendeg sinn, wéi den Energiepak oder d’Solidaritéitspäck oder déi nei Defie bei den Depensë fir d’Defense. Et misst awer méi gemaach gi bei de lafende Käschten, wéi de Staat an och d’Gemenge sech opstellen.
Do wier et eng Saach vun der Effizienz am Kontext vun der Personaldecken, e bessert Notze vu Bürosraim, manner Bürosfläche lounen, méi Produktivitéit duerch Digitalisatioun etc. Et soll kee Réckgang vun den Ausgabe sinn, mä ee Bremse bei der Progressioun vun den Depensen.
Eng grouss Erausfuerderung bleift och de Volet Sécurité sociale mat Pensiounen, Gesondheet a sozialen Transferten oder nach Fleeg.
Den Iwwerschoss wäert op deem Posten a ronn 5 Joer op Null erofgoen. Et komme mat Logement, Mobilitéit, Energie, Digitalisatioun an Defense-Efforten dann och nach weider wichteg Defien.