Ënnert den 20 Entreprise waren ënnert anerem Banken, Assurancen an Etüde vun Affekoten. Zu Lëtzebuerg gëtt et den Ament eng staark Demande no Juristen. Besonnesch am Beräich vum Finanzrecht, ënnersträicht d’Associatioun vun den Droitsstudenten. D’Entreprise géifen an deem Secteur virun allem no Lëtzebuerger sichen, déi e puer Sprooche schwätzen kënnen. Ënnert anerem wéinst dem Brexit ginn et aktuell méi oppen Aarbechtsplazen.
Och am Ekonomiesecteur gi vill Aarbechtsplazen ugebueden, esou d’Associatioun vun den Ekonomiestudenten. Dat, well d’Wirtschaftssituatioun sech verbessert huet, heescht et.
D'Studente konnten an der Chamber de Commerce ënnert anerem Kontakter knäppen an zukünfteg Virstellungsgespréicher virbereeden. Verschidden Acteuren haten dann och Interviewsimulatioune gemaach. Donieft goufen eng Table Ronde an e Workshop organiséiert.