Theme waren nieft der aktueller Park-Problematik an der Stad, och d'Verbesserung vun den Zäiten um Knuedler um Mettwochs-Marché an d'Wäertschätzung vum Patrimoine. Den Tim Morizet huet sech d'Evolutioun vum Wochemaart zu Lëtzebuerg ugekuckt.
Déi traditionell Plaz fir Uebst a Geméis ze kafen, war an ass de Wochemaart. Eng Traditioun, déi grouss bis an d'Mëtt vun de 80er zu Lëtzebuerg goung. De Liewensmëttelhandel, wéi mir en haut kennen, ass deemools nom 2. Weltkrich opgeblitt. Ma e Marché, dee laang net kompetitiv géint d'Expansioun vun de Supermarchéë geschéngt huet, gewënnt erëm u Momentum.
"Ganz vill Uertschaften hunn dee Moment gesot, mir brauchen elo kee Wochemaart méi. An elo, wou keng Wirtschaft méi do ass, keng Bank, keng Epicerie méi an der Uertschaft, da wëllen déi Uertschaften erëm Mäert hunn, fir Liewen an Duerf ze bréngen. Mais fir e Maart erëm frësch ze grënnen, ass net einfach.", esou den Niki Kirsch, de President vum Maarteverband.
Aktuell wär et eng nei Well u jonke Familljen, déi d'Marchéen ewéi um Knuedler oder soss am Land besichen, fir méi iwwert de Produit, dee se kafen, gewuer ze ginn.
De Wochemaart huet seng Funktioun als Ikon vum frëschen Akaf fir de Consommateur. Hei géifen d'Leit haaptsächlech op d'Frëscht vun de Wueren, d'Kompetenz vum Verkeefer an Atmosphär beim Akafen oppassen.
"Et ass einfach eng aner Ambiance ewéi an engem Supermarché. Um Wochemaart kann een ëmmer erëm Froe stellen. De Verkeefer froen, ewéi laang een déi Zalot kann halen, wou muss ech se versuergen an ewéi kann ech se preparéieren?", erkläert den Niki Kirsch nach.
Dës war och den Bio Aktiounsplang e grousse Sujet. 20% Bio bis 2025. Et misst een nieft dem Message, awer och d'Begrënnung vum Präis un d'Leit bréngen, esou de Maarteverband.
"Deemno wat fir e Produit e Bio-Produzent huet, huet en op der Fläch tëscht 20 an 30 Prozent manner Rekolt. An dat muss sech beim Präis vum Produit ausbalancéieren, fir datt de Produzent kann iwwerliewen. De Verbraucher versteet dat leider dacks net, well och am Public net genuch driwwer geschwat gëtt.", esou nach de President vum Maarteverband.
Dacks wéilt oder kéint de Verbraucher sech déi nei Präisdeierecht net leeschten. De Maart um Knuedler dierft sech iwwerdeems weider vergréisseren. Fir déi nei Saison am Mäerz koume 5 nei Demanden eran.