Um 19:30 LIVE am JournalNom Xavier Bettel äussert sech och de Luc Frieden live zu den Deroulementer am Noen Osten

David Winter
Wéi positionéiere sech d'EU-Memberlänner an och Lëtzebuerg am Kader vum Krich am Iran? Wéi geet et viru mat de Lëtzebuerger Touristen an der Regioun?

Wéinst dem Iran-Krich an der explosiver Situatioun am Noen Osten nom Doud vum Ayatollah Chamenei kommen d’EU-Ausseministeren e Sonndeg am Nomëtteg fir en ausseruerdentleche Conseil beieneen. Hei gëtt iwwert d’aktuell Situatioun an de Nopeschregioune vum Iran an Israel diskutéiert an iwwer d’europäesch Äntwerten.

Nom Sommet mécht den Ausseminister Xavier Bettel de Point virun der Press. Dee Rendez-vous kënnt Dir live vun 18:30 un am Stream bei eis an dësem Artikel, respektiv am Iran-Liveticker suivéieren. Update: Wéi et heescht, wäert de Point Presse net mat Zäiten ufänken a Verspéidung hunn.

Dono geet et da weider mam Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden, dee fir eng éischt Reaktioun op d’Situatioun am Iran am RTL-Journal op der Tëlee Ried an Äntwert wäert stoen. Den Interview vum Luc Frieden wäert géint 19:30 Auer am Journal op der Tëlee live iwwerdroe ginn. De Stream dovunner gëtt et natierlech och hei, sou wéi bei eis am Liveticker.

Back to Top
CIM LOGO