Dausenden Touristen sëtzen am Moment an der Golfregioun fest, well d’Fluchhäfen zou sinn. Wéi et weider geet, ass fir vill Leit nach eng onbeäntwert Fro. Dorënner och vill Lëtzebuerger. De Jean-Paul Bleser hänkt aktuell mat senger Famill zu Dubai fest, wou jo och de bekannte Luxushotel Burj Al Arab gebrannt huet.
“Dobaussen héiert een et deelweis vu wäitem knuppen, wat engem Angscht mécht. Dat sinn Knupperten, déi ech an de nächste Joren net méi wäert vergiessen, déi och mat gewësse Vibratiounen kommen. Et mengt een bal et géing een de Schall spieren vun den Knäll wann se ronderëm sinn. T’ass faszinant, schockant, mee wat engem och Angscht mécht, ass dass een déi Saachen héiert, mee et gesäit een näischt. Et héiert een Fligeren zirkuléieren, mee et gesäit een näischt, och duerch déi sëllegen Héichhaiser. D’Knäll sinn wei e Phantom an och d’Fligeren. T’ass dat wat inquietant ass, einfach well et een Phantom ass. Et héiert een et, mee et gesäit een et net an et hofft een alt ëmmer dass een weit ewech ass.”
Den Iran wiert sech an attackéiert aner Golfstaaten, wéi Oman, Bahrain, Katar, Kuwait oder d’Arabesch Emirater. Viséiert sinn awer net nëmme militäresch Zieler, mä och zivil Infrastrukturen.
Iwwer Dubai sinn deck schwaarz Dampwolleken. Déi beléiften Touristendestinatioun an de Vereenegten Arabeschen Emirate gëtt zënter gëschter Owend vum Iran mat Dronen a Rakéiten attackéiert. Grad emol 150 Kilometer Loftlinn leien tëscht Dubai an dem Iran.
D’Touriste krute recommandéiert an hiren Hotelszëmmeren ze bleiwen, a vun de Fënsteren ewechzebleiwen. Op d’mannst zwee Hoteller goufe bis elo getraff. Den Hotel Fairmont op der Palmeninsel an och de weltberüümten Hotel Burj al Arab stoung gëschter Owend a Flamen.
Ronn 300 Lëtzebuerger sinn den Ament der Regioun blockéiert. Den Ausseminister Xavier Bettel hat haut de Mëtten eng Reunioun mat den EU-Ausseministeren fir zesummen eng Léisung ze fannen.
“D’Fro, wéi d’Leit aus der Regioun erauskommen, ass net einfach. De Loftraum ass zou. An esou ass et am Moment och onméiglech iwwert d’Emiraten erauszekommen. Déi Recommandatioun, déi wierklech och koordinéiert gi sinn, zesummen och mat de Belschen, mat den hollännesche Kolleegen, ass de Leit ze soen, probéiert net fortzekommen. Déi sécherst Plaz ass de Moment ären Hotel”, esou den Ausseminister.
Wéinst dem Konflikt hat gëschter schonn e Luxair Fliger deen ënnerwee war op Dubai Demi-tour gemaach. Elo versicht een alles fir d’Clienten esou séier an esou sécher wéi méiglech nees heem ze bréngen.
“D’Operatioune gi réischt nees opgeholl, wann d’Sécherheetssituatioun kloer ass. An dat ass de Moment net de Fall”, esou de Luxair Direkter Gilles Feith. “Ech mengen et steet net a Fro, datt d’Luxair hir Responsabilitéit hëlt a kuckt, déi Leit vun do esou séier wéi méiglech eraus ze kréien. Mir bereeden d’Méiglechkeet vu speziellen Evakuéierungsflich vir. Dës Flich wäerten nëmmen duerchgefouert ginn, wann d’Sécherheet et erlaabt an d’Autoritéiten eis gréng Luucht ginn.”
D’Vereenegt Arabesch Emirater hunn dann och annoncéiert fir d’Käschten ze iwwerhuelen, notamment vum Sejour an den Hotellen dee muss verlängert ginn.