150-160 Passagéier vu Luxair betraffAusseministère réit staark dovunner of, fir am Moment an de Mëttleren Osten ze reesen

David Winter
Heizou géifen och d'Golfstaate gehéieren, sou de Message vum Ausseministère.
© Emile Mentz

Déi Lëtzebuerger Autoritéite wier dann och am stännege Kontakt mat sengen europäesche Partner. Lëtzebuerger Residenten am Ausland gëtt säitens dem Ausseministère geroden, sech un d’Instruktioune säitens de lokalen Autoritéiten ze halen a sech op der Internetsäit guichet.lu/lama anzeschreiwen. Hei, esou och de Xavier Bettel, soll een sech onbedéngt mellen, well dat géif den Autoritéiten enorm bei der Organisatioun hëllefen.

Op de Fakt, dass vill Flich an der Regioun ausgefall sinn, respektiv de Fluchraum gespaart gouf, reagéiert dann och den Ausseminister Xavier Bettel am RTL-Interview.

Den Ausseminister Xavier Bettel iwwert d'Situatioun am Noen Osten
Op de Fakt, dass vill Flich an der Regioun ausgefall sinn, respektiv Fluchhäfe gespaart goufen, reagéiert dann och den Ausseminister Xavier Bettel.

Tëscht 150-160 Persoune wieren am Moment a betraffene Regiounen, déi mat der Luxair dohi komm sinn an och nees sollten zeréck. Hei géif een elo kucken, dat zesumme mat der Luxair, déi Leit sou séier wéi méiglech zeréck op Lëtzebuerg ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO