
Wéi d’Police matdeelt, gouf ee Mann gemellt, deen am Zuch aner Persoune menacéiert an ugepaakt soll hunn. De Mann an och d’Affer sinn nom Virfall zu Beetebuerg op der Gare erausgeklommen. Wéi d’Police de presuméierten Täter kontrolléiert huet, konnt ee Klappmesser séchergestallt a festgestallt ginn, datt hie scho signaliséiert war. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Sonndeg de Moie virun der Untersuchungsriichter.
Zu Dummeldeng op der Gare war der Police e Samschdeg den Owend e Mann gemellt ginn, dee probéiert hat, sech ouni ersiichtleche Grond un engem Zuch festzehalen, dee grad fortgefuer ass. Dobäi ass de Mann awer op de Quai gefall an huet sech blesséiert. De staark alkoholiséierte Mann huet no engem Openthalt am Spidol missen d’Nuecht am Arrest bleiwen.
Donieft waren e Samschdeg de Mëtteg Beamte wéinst enger Kläpperei tëscht e puer Persounen an d’Rue du Fort Neipperg geruff ginn. Éischten Erkenntnisser no war et zu engem Sträit tëscht engem Mann an anere Persoune komm, dee sech an eng Kläpperei entwéckelt huet. Dobäi gouf eng aner Persoun, déi mam Mann ënnerwee war, blesséiert. Wéi d’Beamten op der Plaz ukoumen, waren all aner Bedeelegter scho geflücht. D’Affer koum mat Stéchblessuren an d’Spidol. D’Police huet Ermëttlunge lancéiert.