Bilan vum Ausseminister"Decisioun vu Mobiliséierung kéint eng Trendwend a Russland ginn"

Diana Hoffmann
Frank Goetz
De Jean Asselborn informéiert iwwert d'Situatioun vun de Refugiéeën a kommentéiert d'Mobiliséierung vun der russescher Bevëlkerung fir den Ukrain-Krich.
Immigratiounsbilan vum Ausseminister
De Jean Asselborn informéiert iwwert d’Situatioun vun de Refugiéeën a kommentéiert d’Mobiliséierung vun der russescher Bevëlkerung fir den Ukrain-Krich.

Den Ament kommen zu Lëtzebuerg iwwer 300 Refugiéen de Mount un. Am Summer waren et der nach 200 de Mount. Dat huet den LSAP-Ausseminister e Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz gesot.

Immigratiounsbilan vum Ausseminister / Rep. Diana Hoffmann

De Primo Acceuil gëtt dofir an engem groussen Zelt bei der Cour des comptes um Kierchbierg organiséiert. Do ass Plaz fir 500 bis 600 Leit. Bei dëser Struktur handelt et sech ëm e grousst Zelt mat ville beheizten Zelter, an deenen all kéiers bis zu 12 Leit Plaz hunn.

Den Ausseminister huet dann nach op eng Situatioun higewisen, mat där een dann net just hei am Land konfrontéiert wier. Ëmmer méi onbegleete Mineuren wieren op der Flucht. “Hei schwätze mer vu Kanner vun 8 Joer un”, ënnersträicht den Ausseminister. Zu Lëtzebuerg géingen den Ament 117 Kanner an de Strukture vum Office national de l’acceuil (ONA) betreit.

Si géinge geschéckt gi vun der Famill, datt si de Statut vum Refugiée kréien an datt dono kéint e Regroupement familial gemaach ginn. De Jean Asselborn betount, datt ee sech an dësem Fäll just kéint an den Interêt vum Kand stellen.

Hie weist sech dann nach enttäuscht doriwwer, datt een an der europäescher Migratiounspolitik versot hätt an et net fäerdeg bruecht hätt, eng legal Migratioun op d’Been ze stellen. Lëtzebuerg géing sech awer konsequent beméien, d’Unzuel vun de Better an de Strukturen unzepassen. Et géingen eng 6.400 Better ginn. 2020 waren et der 4.000.

De Jean Asselborn huet sech awer och zu der Decisioun vu Russland geäussert, d’Bevëlkerung ze mobiliséiere fir de Krich an der Ukrain. “Dës Decisioun vun der Mobiliséierung kéint eng Trendwend ginn”, sot hien. Et kéint Bewosstsinn an der russescher Bevëlkerung schafen, datt jidderee concernéiert ass.

Et wier keng Limitt definéiert ginn, wéi vill Leit géingen agezu ginn a wien genau. Männer bis 60 Joer kriten den Ament Convocatioun. De Refus net an d’Ukrain un d’Front ze goen, géing a Russland mat bis zu 15 Joer Prisong bestrooft ginn. Vill Russe géingen dofir d’Land verloossen. Fluchbilljee aus Russland an d’Tierkei géingen zum Beispill ewell bis zu 18.000 Euro kaschten.

Elo misst och gekläert ginn, wéi ee mat dëse Refugiéeën ëmgeet. Hei géing grad vun den Ambassadeuren zu Bréissel eng Approche festgeluecht ginn. Ëstlech Länner wéi Polen oder Tschechien wieren der Meenung, d’Männer sollen am Land bleiwen a géint de President Wladimir Putin kämpfen. D’Aschätzung vum Westen, och vu Lëtzebuerg, wier awer éischter, datt een d’Dieren net kéint komplett zou maachen.

Doriwwer eraus géing zu Bréissel och grad iwwer en 8. Sanktiounspak negociéiert ginn. Dee soll ënner anerem déi Leit treffen, déi d’Schein-Referenden an der Ukrain organiséiert hunn.

Back to Top
CIM LOGO