De Stecker gezunnDeeler vum Norden ouni Stroum, Creos ass nach op der Sich no der Ursaach

Marc Hoscheid
E Mëttwoch ass et zu Wanseler, Wëntger a Wolz zu enger gréisserer Stroumpann komm. Schonn den 8. Januar waren Deeler vum Norde laang ouni Elektresch
© AFP

E Mëttwoch dierften an de Gemenge Wanseler, Wëntger a Wolz verschidde Leit ee klengen Déja-vu gehat hunn. Wann een dem Internetsite vun der Creos an dem automatesche Band vun hirer Helpline gleewen dierf, gouf et nämlech vun ongeféier 16.15 Auer un eng gréisser Stroumpann an deenen dräi Gemengen. Wärend d’Elektresch zu Wolz eng Stonn soll fort gewiescht sinn, waren et 77 Minutten zu Wanseler a 97 Minutten zu Wëntger.

Nodeems e Mëttwoch bei Creos keen ze erreeche war, fir weider Erklärungen ze ginn, esou koum dann awer en Donneschdeg de Moien e Pressecommuniqué.
D’Creos huet confirméiert, dass eng 62 Ënnerstatioune concernéiert waren, am Beräich Wolz, Schleef, Schëmpech, Nidderwampech, Uewerwampech oder Déierbech. 34 Ënnerstatioune goufen awer no knapp 2 Minutten scho rëm alimentéiert.

Et gouf en technesche Problem um Niveau vun enger Leitung vun 20.000 Volt, deen awer nach net genee definéiert konnt ginn, heescht et am Schreiwes, an deem och erkläert gëtt, dass déi lescht Clienten nees géint 17.47 Auer um Netz waren.

Creos entschëllegt sech dann och bei de betraffene Clienten.

Eréischt den 8. Januar waren eng Partie Nordgemengen, dorënner Wolz a Wëntger, deels méi wéi zwou Stonnen ouni Stroum. Deemools war den Ausléiser vun der Pann en Defekt un engem Kabel mat Mëttelspannung um Posten zu Rulljen, un deem Wolz, Näertrech, iwwer Uewerwampech, Nacher, Heischent bis Eschduerf ugeschloss sinn.

Wat dës Kéier den Ausléiser vun der Pann war, ass wéi gesot nach net gewosst. Och d’Buergermeeschtere vun deenen dräi betraffene Gemenge konnte nëmme bedéngt Liicht an d’Däischtert bréngen, well se entweder zu deem Ament net um Territoire vun hirer Gemeng waren oder an engem Deel vun der Gemeng deen anscheinend net betraff war.

Hei d’Schreiwes vun der Creos

Interruption de l’alimentation électrique dans les communes de Wiltz, Winseler et Wincrange
Une interruption de fourniture de courant a eu lieu ce mercredi 8 février 2023 à partir de 16h10 dans le réseau électrique de Wiltz, Noertrange, Grummelscheid, Schleif, Schimpach, Niederwampach, Oberwampach, Allerborn, Derenbach et Brachtebach. 62 sous-stations de moyenne tension 20 kV ont été concernées, 34 sous-stations ont été réalimentées après 2 minutes. La panne a été causée par un problème technique au niveau du réseau de moyenne tension 20 kV. Les derniers clients ont été reconnectés vers 17h47.

La cause exacte de la panne n’a pas encore été établie à ce moment. Creos s’excuse auprès de tous les clients concernés pour les désagréments causés par ces incidents.

Back to Top
CIM LOGO