Dagdeeglech ginn eng 150 Mënschen owes op de Findel an den Nuetsfoyer vun der Wanteraktioun schlofen. Den 31. Mäerz wär d’Initiativ fir Leit, déi keen Dag iwwer dem Kapp hunn, u sech eriwwer, ma wéi d’Familljeministesch Corinne Cahen e Samschdeg ugekënnegt huet, soll se lo mol nach bis Enn Abrëll verlängert ginn. Nawell stellt sech d’Fro, wéi den Nuetsfoyer an dëser Situatioun vu “Social distancing” funktionéiert, a wou d’Leit sech am Dag ophale sollen.
Datt déi 250 Schlofgeleeënheeten an den 9 Dortoirë vum Nuetsfoyer um Findel net alleguer gebraucht ginn, arrangéiert an dësen Zäiten.
Stephanie Sorvillo, déi Responsabel vun der Wanteraktioun Caritas: "Mir versichen dass mer dotëscht ëmmer ee Bett ausloossen. Dat sinn Etagebetter. Do versiche mer dass mer esou wéineg Leit wéi méiglech an een Dortoire musse leeën. Mir hunn och nach e puer eenzel Dortoiren, déi wierklech méi kleng sinn. Mir versichen elo, dass mer net méi wéi 15 Leit beienee leeën."
Sollt eng Persoun stënterlech ënner Corona-Verdacht stoen, géifen et zwee méi kleng Dortoirë ginn, fir de Betraffenen iwwer Nuecht ze isoléieren. Duerno iwwerhëlt d’Rout Kräiz.
D'Familljeministesch Corinne Cahen: "Si hunn do e Gebai dat se extra eidel gemaach hunn mat Zëmmere fir Leit déi krank sinn, fir se do ze fleegen, respektiv datt se do ënner Quarantän kënne bleiwen."
Fir de Leit vun der Strooss elo wärend der Coronakris och weiderhin en Dag iwwer dem Kapp ze ginn, gëtt d’Wanteraktioun also mol bis Enn Abrëll verlängert. Spéitstens vum 1. Abrëll u soll den Nuetsfoyer dann och am Dag opbleiwen.
D'Corinne Cahen: "An da Mëttes ass et net méi zu Bouneweg, mä déi wäert dann och um Findel sinn, dass d’Leit net ze vill zirkuléieren. Fräi nom Motto “bleift doheem”, sollen dann och déi Leit net ze vill zirkuléieren."
Aspäre kann een allerdéngs keen. D’Erausfuerderung wier et, d’Leit an der Struktur um Findel ze beschäftegen. Dofir géif ee sech beispillsweis och iwwer Done vun ale Laptoppen a Computere freeën. Wichteg wär et och, manner Leit op der Plaz ze hunn. Stephanie Sorvelli: "D’Solutioun ass wierklech einfach Hoteller opmaachen. 50% vun de Leit hu kee Problem. Déi si jonk, fit, net sträitsüchteg an hu kee Problem, déi hunn einfach näischt fir ze wunnen. An déi wären och gutt am Hotel, do ass eng Tëlee, en Internet. Déi géifen net erausgoen, mee dobanne bleiwen. A fir déi aner kéinte mer wierklech do sinn. Déi di wierklech Ënnerstëtzung a Betreiung brauchen."
D’Personal an déi vill Benevolle vun der Wanteraktioun sinn deemno weiderhi gefuerdert. Si géifen och eng wichteg Opklärungsaarbecht leeschten, fir d’Beneficiairen z'informéieren, wéi se sech schütze kënnen, esou d’Stephanie Sorvelli vum Nuetsfoyer. Déi awer nach e wichtegen Opruff mécht. Et bräicht ee Masken:
Stephanie Sorvelli: "Wann een iergend e super professionellen Thermometer huet, esou wéi se um Flughafen hunn, si mer och ganz frou fir esou een ze kréien, well mer da vill méi schnell sinn, fir déi 120-150 Leit ze kontrolléieren, déi an der Entrée waarden, fir eranzekommen."