Stater GeriichtDéidlechen Aarbechtsaccident: Viraarbechter, Gerant a Firma ugeklot

RTL Lëtzebuerg
Deemools war en Aarbechter vun 39 Joer bei Ofbaue vun enger Mauer erdréckt ginn.
© RTL Archiv

Et wär op eng net ugemoossen Aart a Weis do geschafft ginn: Dat sot en Expert en Dënschdeg um Stater Geriicht, um 1. Dag vum Prozess ëm en déidlechen Aarbechtsaccident, am Abrëll 2016, an der Stad. E Viraarbechter vun 39, de Gerant vu 65 Joer an d'Baufirma sinn dowéinst ugeklot.

Aarbechtsaccident viru Geriicht - Reportage Eric Ewald

Deemools war en Aarbechter vun 39 Joer erdréckt ginn, nodeems eng Stëtzmauer ofgebaut an den Onglécklechen duerch de Buedem, deen dës Mauer zréckgehalen hat, verschott gouf.

D'Ofbaue vun där Stëtzmauer huet den Expert inkoherent genannt, well d'Dichtungsaarbechten um Lampertsbierger Schantjen net ofgeschloss waren a sou eng Mauer normalerweis géif stoe bleiwen, fir d'Aarbechter ze schützen. Et wär virauszegesi gewiescht, dass de Buedem onstabil géif ginn, wéi d'metalle Puttere vun där Mauer bis fort waren, sot dësen Expert, deem seng Analys vun engem anere gedeelt gouf. Do virdrun hat e Geriichtsmedeziner erkläert, dass d'Affer erstéckt wär; et hätt ë.a. d'Becke gebrach gehat a wär séier gestuerwen.

Um Ufank vun der Sëtzung hat den zoustännegen Enquêteur ausgesot, 3 Aarbechter wären am Gruef mat Dichtungsaarbechten a mam Ofbaue vun där Stëtzmauer am Gaang gewiescht. D'Affer, dat vu Formatioun Chauffeur-Mecanicien war, sech awer mam Schweessbrenner auskannt huet, wär op d'Plaz geruff ginn, fir d'stolen Träger vun där Mauer duerchzeschneiden. Nodeems d'Mauer fäerdeg ofgebaut war, wär de Buedem gerutscht komm an d'Affer dovun erdréckt ginn; et hätt d'Stëtzmauer op enger Héicht vun 1m ofgeschnidden. Op deem Chantier wär anescht geschafft gi wéi op den Terrainen niewendrun, huet de Polizist betount, dee vu Chance geschwat huet, dass déi 3 aner Aarbechter net méi do waren: „Soss wären déi och dout!“

Zum Schluss gouf nach de Gerant gehéiert, deen et net einfach hat: De Vertrieder vum Parquet huet nämlech ervirgehuewen, um Schantjen hätt et souvill Dysfonctionnementer ginn, dass d'ITM e kuerz drop fir 3 Méint zougemaach hätt! D'Leit um Chantier wären déi Responsabel gewiescht, hien hätt net gesot, dass d'Mauer sou sollt ofgebaut ginn an et wär nach ni sou eppes virkomm, huet sech de Gerant verdeedegt.

Dëse Prozess geet e Mëttwoch de Moie virun.

Back to Top
CIM LOGO