Police-BulletinDéif danzt Passant zu Bouneweg un a klaut him den Handy

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend gouf e Passant beklaut, wéi hien aus dem Lift vun der Passerell zu Bouneweg erausgeklommen ass.

Wéi d’Police mellt, gouf de Passant vun engem Onbekannten ugedanzt an ugeaakt, wéi hie grad aus dem Lift klamme wollt. E puer Meter weider huet hien eréischt bemierkt, datt de jonke Mann him den Handy geklaut hat.

Eng Plainte gouf bei der Police gemaach an d’Ermëttlunge lancéiert.

Praktesch Rotschléi, wéi ee preventiv géint esou Déifställ virgoe kann, fannt Dir um Site vun der Lëtzebuerger Police.

Abréch uechtert d’Land

D’Police mellt iwwerdeem eng Partie Abréch dës Woch.

E Mëttwoch war en Abriecher iwwert eng Kellerfënster an en Eefamilljenhaus an der Rue des Muguets am Neiduerf agebrach an huet Boergeld matgoe gelooss.

Tëscht en Dënschdeg an e Mëttwoch hat en onbekannten Täter d’Terrassendier vun enger Wunneng an der Rue Theodore Eberhardt um Belair opgebrach. Den Onéierleche konnt eng Rei Bijoue klauen.

Am Quartier de l’église um Belval hunn d’Awunner misste géint 23 Auer constatéieren, datt an der Zäit, an där si net doheem waren, bei hinnen agebrach gouf. All d’Raim waren duerchwullt an eng Rei Wäertgéigestänn goufe geklaut.

Back to Top
CIM LOGO