An all där Zäit goufen et flott a manner flott Momenter. Als Elektriker huet den André Heuertz viru ville Joren ugefaangen. Duerno huet hien eng Ëmschoulung zum Beruffspompjee gemaach. Eng Decisioun, déi him bis haut net leet deet.
Gäre fiert den zukünftege Pensionär mam Vëlo. Fréier beim ACC Conter, elo als Ausgläich zum Schaffen. E weideren Hobby ass d'Kachen an op sengem leschte Schaffdag huet hie sech eng leschte Kéier hannert d'Kachdëppe fir seng Aarbechtskolleege gestallt, déi dat och ze schätze wëssen.
Och als Aarbechtskolleeg wäert den André Heuertz senge Kolleegen op der Areler Strooss a gudder Erënnerung bleiwen.
Den Dënschdeg de Mëtteg no 15 Auer gouf et nach eemol ganz emotional. Fir den André Heuertz huet et geheescht, de Spint ausraumen. An iwwer 3 Joerzéngten Déngscht sammelt sech eng Partie zesummen.
Mat der Pensioun wäert de Kontakt zu den Aarbechtskolleegen awer net ofbriechen, do ass nämlech schonn esou munches geplangt.
Den Dënschdeg den Owend um 20 Auer goung dem André Heuertz seng leschte Schicht op en Enn. Mat gläich 57 Joer heescht et elo, d'Pensioun sou gutt et geet ze genéissen.