
Den 21. Mäerz gouf als Datum festgehalen, well bei Mënsche mam Down-Syndrom den 21. Chromosom dräifach existéiert. Persoune mam Down-Syndrom kënnen op ënnerschiddlechen Niveaue kierperlech a kognitiv Beanträchtegungen hunn.

Fir seng Solidaritéit mat de betraffene Mënschen ze weisen, soll een op deem Dag zwou verschidde Strëmp undoen. Dat huet sech sou als Symbol iwwert d’Joren duerchgesat. Firwat Strëmp? Ma de Chromosom huet d’Form vun enger Strëmp.

Mënsche mat Down-Syndrom kréien dacks e Stempel opgedréckt an hir genetesch Spezifizitéite gi gär verallgemengert. Ma Ausgesinn, Intelligenz an d’Mentalitéit sinn, wéi bei all anere Mënsch, genee sou ënnerschiddlech. All Mënsch, egal ob mat oder ouni Trisomie 21, ass eng eenzegaarteg Perséinlechkeet.
Fir dass d’Leit méi offe mat Down-Syndrom sollen ëmgoen, gëtt et den Internationalen Trisomie-21-Dag. Veräiner a Verbänn notzen den 21. Mäerz, fir op hir besonnesch Situatioun opmierksam ze maachen. Déi meescht betraffe Mënschen, ëmmerhi ronn 5 Millioune weltwäit, wëllen nämlech virun allem just eppes: net als krank ugesi ginn.
Tatsächlech si Leit mat Trisomie 21 net krank, ma weise just eng Usammlung vu Krankheetssymptomer. Medezinesch Opfällegkeete kommen dacks vir, wéi zum Beispill Diabetes, eng Séischwächt, auditiv Problemer, wéi och gär Häerz-Feeler. Dobäi kommen typesch Mierkmoler wéi breet Hänn a Féiss mat kuerze Fangeren an Zéiwen, e ronnt Gesiicht a schif Aen.
D’Liewenserwaardung war fréier net ganz héich, mä an de leschte Joerzéngte mat Hëllef vum medezinesche Fortschrëtt ass dës immens an d’Luucht gaangen. Virun 30 Joer louch d’Liewenserwaardung net iwwer 25 Joer, haut läit se bei 60 an driwwer.
Och dir wëllt Är Solidaritéit mat de Leit mat Down-Syndrom weisen, da schéckt eis den 21. Mäerz Är Fotoen eran.
E Liewe mam Downsyndrom (26.3.17)
routwäissgro: Episode 8 “Carmen Hertz” (25.2.19)
Weltdag vun der Trisomie 21: De Joël Schaeffer iwwer den Alldag mat engem Kand mat Down-Syndrom (23.3.19)
Internationalen Dag vun der Trisomie 21: Leit mat Downsyndrom hu sech iwwert e Solidaritéitsgeste gefreet (21.3.21)
Concept+Partners an Trisomie 21 Lëtzebuerg: Restaurant-Konzept fir Leit mat Trisomie anzestellen (28.2.22)
Villfältegkeet promouvéieren: Éischt Barbie mat Down-Syndrom um Maart (27.4.23)
Sonndesinterview mam Annick Ries: “Et mécht mech glécklech bei menger Famill kënnen ze sinn” (5.3.24)
Sonndesinterview mam Sybille Blitgen a Mandy Loes: Bei den “Iron Sparks” gëtt Inclusioun gelieft an erlieft (18.11.24)