Zanter 18 Méint ass de Joël Schaeffer fir 2. houfrege Papp, mat der Gebuert vum Liz huet sech fir hien a seng Famill esou munches geännert. Scho virun der Gebuert waren de Joël a seng Fra virsiichteg an hunn direkt am Ufank en Test maache gelooss, fir sécher ze goen, dass alles mam Liz an der Rei wier. No der Gebuert gouf festgestallt, dass d’Kand den Down-Syndrom huet.
Nieft sengem Restaurant-Betrib zu Mäertert ass d’Organisatioun, fir alles ënnert een Hutt ze kréie prioritär, am Joël senger Situatioun ass och Teamwork gefrot, esou ass nieft senger Fra och d’Famill hëllefsbereet.

Dem Joël säin Dag geet scho moies fréi lass, géint Mëtteg taucht seng Fra op. Da geet et fir de Joël nom Iessen an de Betrib an d’Laureen iwwerhëlt. Och fir Si war et ufanks net einfach. Nom Iessen an ier et op d’Schaff geet, hëlt de Joël sech awer och nach gären Zäit, fir e bëssen trëppelen ze goen, ee Moment, fir z’entspanen.
Famill, Beruff an eng zweet Duechter, fir de Joël keng allzegrouss Ëmstellung, fir alles ënnert een Hutt ze kréien. Ma och hei gëtt hien ënnerstëtzt vu villen Associatiounen.
Zu Lëtzebuerg ass de Statistiken no eng Gebuert op 600, déi vum Down-Syndrom betraff ass.
Mënsche mat Down-Syndrom kréien dacks e Stempel opgedréckt an hir genetesch Spezifizitéite gi gär verallgemengert. Ma Ausgesinn, Intelligenz an d’Mentalitéit sinn, wéi bei all anere Mënsch, genee sou ënnerschiddlech. All Mënsch, egal ob mat oder ouni Trisomie 21, ass eng eenzegaarteg Perséinlechkeet.
Fir dass d’Leit méi offe mat Down-Syndrom sollen ëmgoen, gëtt et den Internationalen Trisomie-21-Dag. Veräiner a Verbänn notzen den 21. Mäerz, fir op hir besonnesch Situatioun opmierksam ze maachen. Déi meescht betraffe Mënschen, ëmmerhi ronn 5 Millioune weltwäit, wëllen nämlech virun allem just eppes: net als krank ugesi ginn.