D'Annick Ries huet 35 Joer ass liewensfrou an huet mech virun enger knapper Woch bei sech Heem op Näerzeng invitéiert.

D’Annick hat Congé, wéi ech bei him war fir den Interview. Eigentlech schafft hatt am Altersheem zu Beetebuerg. Ugefaangen huet et an der Kichen, haut ass et Deel vun der Botzekipp. Déi jonk Fra lieft bei hirer Mamm, huet den éischte Stack fir sech. D'Annick wëll esou autonom liewen, wéi nëmme méiglech a kritt dofir Ënnerstëtzung vun der Famill.

Dem Annick en normaalt Liewen erméiglechen

Vu Gebuert un haten dem Annick seng Elteren sech virgeholl, hirem Meedchen e Liewen ze erméiglech, wou et esou eegestänneg kéint liewen, wéi nëmme méiglech. Wéi mer en Tuer duerch d'Haus gemaach hunn an d'Annick mer seng Kummer gewisen huet, sot seng Mamm mir, dass si eng onkomplizéiert Schwangerschaft hat an eréischt 3 Wochen no der Gebuert gesot krut, dass de Puppelchen Trisomie hätt.

De Fraendokter huet den Eltere gesot, dass wa si d'Kand net wëllen, et kéinten an een Heem ginn, dann hätte si näischt mat him ze dinn.

"Et war meng éischt Schwangerschaft, fir mech war direkt kloer: Ech wëll mäi Kand a wäert him e schéint Liewe schenken."

Haut hätt dat geännert, d'Akzeptanz fir genetesch Anomalië wéi Trisomie wier méi grouss.

D'Annick laacht vill, genéisst d'Liewen. Datt ech mat engem gléckleche Mënsch schwätzen, war am Interview ze spieren.

Den Alldag op der Aarbecht

All Moie fiert d'Annick Ries vun Näerzeng mam Zuch op d'Schaff. Et ass mëttlerweil eng Routine. Op der Aarbecht ass si keng Onbekannt. Mat den AarbechtskollegInne wier et net ëmmer einfach - schwätzen déi meescht Franséisch - ma se wieren awer all fein.

Och mat de Bewunner ass de Kontakt gutt: "Ech soen de Leit och ëmmer 'Moien' a si mir."

D’Famill als Mëttelpunkt vum Liewen

De Kontakt zu de Geschwëster ass dem Annick wichteg. Op säi Brudder a seng Schwëster ass hatt houfreg. Seng Elteren, déi haut net méi zesumme liewen, si bis haut ëmmer un der Säit vun hirer Duechter. Och wann d’Annick dat am Interview net direkt ausgeschwat huet, hunn ech gemierkt, dass hatt dat weess a sengen Elteren dankbar ass fir dat Liewen, wat hatt kann hunn:

"Et mécht mech glécklech bei menger Famill kënnen ze sinn."

RTL

D'Annick huet a sengem Zëmmer eng grouss Sammlung vun Elefanten, eng vu senge Passiounen. / © Luc Rollmann

Basket, Molen a Reesen

An der Fräizäit ass d’Fra vu 35 Joer ganz aktiv. No der Aarbecht kuckt si gär Filmer, am léifsten Déierefilmer. D’Annick spillt beim ZAK (Zesummen aktiv) Basket. 2 mol d'Woch ass Training.

"Heiansdo sinn ech awer och midd, wann ech esouvill muss lafen. Am meeschte Spaass maache mir d'Matcher."

Eng weider grouss Passioun vum Annick ass d'Reesen. Mam Camper goung et duerch Norwegen, mat der Mamm op Barcelona, fir d'Formel 1 ze kucken a mat der Schwëster op München, fir do d'Bayern kucken ze goen.

Bei der Musek sinn Abba an Tokio Hotel Favoritten. Eng weider Passioun ass d'Konscht: "Ech molen och gären, Mandala."

RTL