Wéi gesäit e Liewe mat Downsyndrom aus a wéi steet et ëm di sozial Akzeptanz?

Well Trisomie 21 e genetesche Syndrom a keng Krankheet ass, ass et net meldepflichteg an et leie keng genee Zuelen vir, wéi vill Leit dovun betraff sinn.

Och wat d’Grënn fir de geneteschen Defekt ugeet, ass villes onkloer, den eenzege bekannte Risikofacteur ass den Alter vun der Mamm, mat deem och d’Wahrscheinlechkeet fir eng Trisomie21 an d’Luucht geet. Fir de Rescht kann et all Schwangerschaft treffen.

Am Reportage begéine mir Betraffener an hirem Ëmfeld a schwätze mat hinnen ënnert anerem iwwert d’Problematik vun der sozialer Akzeptanz.

RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg

Eng ganz besonnesch Aktioun an de soziale Medien

All Joer um 21. Mäerz gëtt weltwäit op de Gendefekt Trisomie 21 opmierksam gemaach. Op dësem Datum ass dëst Joer eng ganz besonnesch Aktioun am Fokus. Fir Solidaritéit a Sympathie mat Betraffenen an hire Familljen auszedrécken, kënnen Leit sech op Facebook symbolesch mat zwee erlee Strëmp weisen.

Och op Twitter kennen Leit ënnert dem #socksbattle4DS Ënnerstëtzung weisen. Eng Rëtsch vu bekannte Politiker a Perséinlechkeeten hunn un där Aktioun schonn deelgeholl a sech mat de verschiddenste faarwegen Exemplaire gewisen. An der Stad an der Entrée vum Cercle Cité gëtt et den Dënschden en Infostand, deen Informatiounen zum Sujet verdeelt.