Concept+Partners an Trisomie 21 LëtzebuergRestaurant-Konzept fir Leit mat Trisomie anzestellen

RTL Lëtzebuerg
An dem Enseignement klappt Inclusioun scho gutt. Ma um Aarbechtsmarché gesäit et awer anescht aus.
Restaurant-Konzept fir Leit mat Trisomie anzestellen
Inclusioun um Aarbechtsmarché ass leider net den Alldag. Mam Restaurant “Madame Witzeg” zu Bieles soll sech dat änneren an Transparenz grouss geschriwwe ginn.

Dacks schaffe Leit mat Trisomie 21 an Inclusiouns-Atelieren ouni Kontakt mat der Aussewelt. Mam Restaurant “Madame Witzeg” zu Bieles soll sech dat änneren an Transparenz grouss geschriwwe ginn.

D’Mauer zur Kiche gëtt nach erausgerappt an duerch eng Glasfënster ersat, sou dass een d’Leit do gesäit. An och am Service gi Leit mat enger Trisomie agestallt.

Duerch d’Pandemie sinn dës Aarbechten a Verspéidung an de Restaurant nach net ganz fäerdeg. Ma fir déi Virwëtzeg gouf schonns en éischten Owend organiséiert. Dozou gehéiert huet och en Danz-Optrëtt an e ganz besonnesche Vernissage, fir zesummen den internationalen Dag vun der Trisomie ze feieren.

Back to Top
CIM LOGO