Den Diplomat a fréiere President vun der internationaler Allianz fir d'Gedenke vum Holocaust, kuerz IHRA, war e Mëttwoch den Owend eisen Invité op der Tëlee.
Déi israelesch Pläng, fir Deeler vum palestinensesche Westjordanland z'annektéieren, hu Repercussiounen, déi net ze stoppe sinn, warnt hien. Et géingen net just national oder regional Konsequenze ginn, mä déi geplangten Annexioun wier eng "Erschütterung", déi wäit doriwwer eraus geet, sou de Georges Santer.
Hie mécht anengems drop opmierksam, datt bal d'Hallschent vun der israelescher Populatioun net mat den Annexiounspläng averstanen ass an datt ee muss oppassen, datt den Antisemitismus duerch d'Decisioun vun der israelescher Regierung net erëm nei Bléie kritt.
Antisemitismus an aner Diskriminatiounen nennt de Georges Santer "e Virus an der Gesellschaft", deen och vun der ganzer Gesellschaft misst bekämpft ginn.
Seng Karrirär als Diplomat geet iwwregens geschwënn op en Enn, ma Langweil dierft keng opkommen. Als neie President vum Luxfilmfestival beschäftegt hie sech an Zukunft méi mat senger Passioun fir de Film. Hien ass de Successeur vun der Colette Flesch, déi no 10 Joer opgehalen huet.
De Luxfilmfestival ass d'nächst Joer iwwregens vum 4. bis de 14. Mäerz.