
D’Virologen an d’Epidemiologe schénge sech alleguerten eens ze sinn. Weder den Hantavirus am allgemengen, nach déi méi geféierlech Andes-Variant, hunn d’Potential, eng weltwäit Pandemie auszeléisen. Dorunner änneren och Meldungen iwwert vereenzelt Verdachtsfäll uechtert d’Welt näischt. An der Lëtzebuerger Inspection Sanitaire suivéiert een dës rezent Entwécklunge ganz intensiv a gëtt Entwarnung. Wisou, erkläert den Epidemiolog Joël Mossong: “Mir sinn natierlech um Ufank vum Ausbroch. Duerch déi laang Inkubatiounszäit muss ee waarden, ebe fir ze gesinn, ob sech net vläicht awer deen een oder anere Fall bei Kontakter ka weisen. Mee am Moment gi mir dovunner aus, dass et sech op ee lokalen Ausbroch op engem Schëff limitéiert.”
Den Epidemiolog ënnersträicht weider, dass d'Andes-Variant a Covid-19 net vill mateneen ze dinn hunn. Si funktionéieren aneschters, a gräifen de mënschleche Kierper op verschidde Manéieren un. D’Mortalitéit vum Andes-Virus ass mat 30 Prozent effektiv zimmlech héich (beim Covid-19-Virus gëtt d’Mortalitéit virun der Impfung mat 1 bis 2 Prozent chiffréiert). Mee d’Konzentratioun vum Andes-Virus, wann een houscht oder néitscht, ass vill méi niddereg. Doduerch ka sech Virus vill méi schwéier iwwerdroen. D’Wëssenschaft huet do Erfarungswäerter, well ee lokalen Ausbroch virun e puer Joer an Argentinien genee dokumentéiert ass: “Do gouf et Infektiounen tëschent Leit, wou ganz enke Kontakt war. Leit, déi zesumme gewunnt hunn, déi zesumme giess hunn, déi länger Kontakt matenee haten. Et ass net bekannt, dass Leit duerch ganz kuerze Kontakt konnten ustiechen”, esou de Joël Mossong.
Dat gouf och e Freideg de Mëtteg nach emol vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO confirméiert. Esouguer Leit, déi mat infizéierte Schëffspassagéier relativ enke Kontakt haten, wéi eng hollännesch Stewardess, déi sech an hirem Fliger ëm ee spéidert Doudesaffer gekëmmert huet, wieren duerno negativ getest ginn. “Dat sollt elo bal jiddereen iwwerzeegen, dass dat heiten ee geféierleche Virus ass, awer nëmme fir deen, dee wierklech domadder infizéiert ass. De Risiko fir déi allgemeng Populatioun ass weiderhi ganz niddereg”, seet de WHO-Spriecher Christian Lindmeier.
Och zu Lëtzebuerg bräichten d’Leit keng besonnesch Precautiounen ze huelen, ass de Joël Mossong vun der Inspection Sanitaire iwwerzeegt: “Nee, ech mengen net. Och wat d’Reesverhalen ugeet, si keng Mesure virgesinn.”