Den CGDIS mellt3 Blesséierter bei 6 Accidenter an de leschte Stonnen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg war den CGDIS siwemol am Asaz. Nieft Accidenter mat Autoen, Motoen an E-Scooter hat et och gebrannt.
© Jeannot Ries

E Freideg géint 17:40 Auer war tëscht Déifferdeng an Hussigny-Godbrange e Motocyclist gefall, ëm dee sech d'Ambulanz vun Esch an d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng gekëmmert hunn.

Kuerz virun 20 Auer goufen zwee Tëschefäll gemellt. Zu Reckeng un der Mess hat op der Dräikantonsstrooss eng Scheier gebrannt. Do waren d'Pompjeeë vu Monnerech, Dippech an Esch am Asaz. Déi selwecht Zäit war et zu Rodange an der Lonkecher Strooss en Accident tëscht zwee Autoen, bei deem eng Persoun blesséiert ginn ass. D'Ambulanz vu Schëffleng an d'Pompjeeë vu Péiteng waren dohin.

Um 22:10 Auer gouf zu Nidderaanwen an der Routscheed Strooss eng Chute mat engem E-Scooter gemellt, bei där eng Persoun sech blesséiert huet. Op der Plaz waren d'Ambulanz vum Findel an d'Pompjeeë Nidderaanwen-Schëtter.

Am Stater Neiduerf war et kuerz viru Mëtternuecht eng Kollisioun tëscht dräi Gefierer. Do blouf et beim Materialschued. Minutte méi spéit sollt et op der N5 tëscht Märel an Helfent rabbelen. Bei deem Accident ass eng verwonnte Persoun vun der Stater Ambulanz an d'Spidol gefouert ginn.

Zu Ettelbréck war et kuerz viru 4 Auer dann nach en Accident an der Avenue John F. Kennedy. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz Nordstad an d'Ambulanz vu Miersch, et blouf awer beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO