Fir d'lescht en Donneschdegowend gesinnDen Dimitrios Malachias (72) gëtt vermësst

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet eng Vermësstemeldung fir den 72 Joer alen Dimitrios Malachias erausginn.
© Police / RTL

De Mann gouf fir d'lescht géint 18:00 Auer en Donneschdegowend an der Stad gesinn. Deen Ament hat hien eng schwaarz Jackett, e schwaarze Pullover, eng blo Jeansbox, schwaarz Schong an e Brëll un.

Wien Informatiounen iwwert dee Vermëssten huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Gare/Hollerech ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 44 1000 oder via Mail u police.gare@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO